Diskussioun:Franséisch Revolutioun

Letzter Kommentar: viru(n) 6 Joer von Soued031 in Abschnitt Untitled

Untitled änneren

Salut!

Ech fannen, datt dem Delacroix säi Bild, dat zur Revolutioun vun 1830 passt, rose wéineg glécklech hei steet, wann et heescht d'Revolutioun vu 1789 anzeféieren. Dee bildlechen Anachronismus ass sécher liicht ze behiewen.

D'Franséisch Revolutioun (1789 -> Konsulat vum Bonaparte) ass POLITESCH am Fong scho mam Serment du Jeu de Paume (JUNI 1789) gelaf. Vun do un ass Frankräich an der Logik vun enger konstitutioneller Monarchie mat Vollekssouverainetéit. D' Prise de la Bastille (14. JULI 1789), déi eng Partie vum klengen Handwierkervollek vum Faubourg Saint-Antoine beschäftegt huet, gëtt als "Revolutioun vum VOLLEK" héichstiliséiert, war awer guer net sou wichteg (ausser fir den Entrepreneur deen 1° d'Leit opgehetzt huet an 2° d'Steng vun der Bastille fir säi Geschäft récupéréiert huet). Mee d'Geschicht ass - spéider - vum Michelet an aner Frënn vum Vollek a vun der Republik geschriwwe ginn... An deemols ass ee Roman national gebraucht ginn. Déi "SOZIAL Revolutioun", schliesslech, huet an der Nuit du 4 Août 1789 stattfonnt, woubäi déi Privilégiéiert zimmlech theatralesch op hir Vir- a Sonnerrechter verzicht hunn, well an der Praxis hu vill fréier Obligatioune vun de Landpiechter (fermiers & métayers) mussen zréckkaf ginn. Dat zu de Nuancen...

D'Bild vum Leopold II. huet eng onglécklech Bildzeil! Wéi wier et mat "Keeser vum Hl. Réimesche Räich Däitscher Natioun" ?

Merci fir d'Nobesseren!

Gréiss,

Chris

Moien ech mengen Dir hutt d'Prinzip nach net vun der Wiki verstanen. Et ass un Iech déi Ännerung ze maachen, wann der Quellen hutt déi dat "beweisen". Deet mer Leed ech hu nach keng vun Äre Kommentare gelies. Ech brauch Iech sécher net z'erkläre wéi vill Leit op der Lëtzebuerger Wiki mathëllefen. Et goufe scho Benotzer geblockt well se mat kuerzen Artikele komm sinn, hallef Artikele geschaf hunn oder d'Majoritéit vun hirer Zäit op Diskussiounssäiten verbruecht hunn. Wann der gäre vun deenen anere wëllt gläichgestallt ginn da wier dat éischt e Benotzerkont z'erstellen. Wann der der Meenung sidd "d'Leit si béis mat mir bouhou bouhou", da kënne mer eis eng Kéier gesinn an da kann ech all Är Froe beäntweren. Dat hu scho puer Benotzer gemaach an dat huet definitiv hei gehollef fir besser zesummenzeschaffen. --Soued031 (Diskussioun) 19:43, 8. Abr. 2018 (UTC)Äntweren

Wat heescht hei "näischt verstanen"? Ech si fir FRÄI un enger fräier Enzyklopedie ze schaffen, ouni mer mussen ee lächerleche Pseudonym zouzeleeën. Ech wëll dat, wat ech weess hei matdeelen, a soss näischt. Dir kënnt berouegt sinn, ech si kee Vandal an hunn nëmme koscher Intentiounen. Lo ginn ech awer och gären zou, datt ech kee groussen Informatiker sinn, an datt mäi Lëtzebuergesch, trotz allen Effort-en net ëmmer gutt ass. Gréiss, Chris

Zréck op d'Säit "Franséisch Revolutioun".