De Byurakan-Observatoire oder Astrophysikaleschen Observatoire Bjurakan ass en Observatoire vun der Armeenescher Akademie vun de Wëssenschaften. E steet um Bierghank Aragaz an Armenien op enger Héicht vu 1.500 Meter.

D'Gebai vum Cassegrain-Teleskop am Hannergrond an den 1m-Schmidt-Teleskop vir um Bild

Geschicht

änneren

Den Observatoire gouf 1946 vum Viktor Ambartsumian gegrënnt a war ee vun den Zentre fir Astronomie vun der Sowjetunioun. Vun der Fuerschungsariichtung goufe besonnesch Stärekéip, d'Beweegungskéip entdeckt (1947), iwwer dausend Flackerstären, Dosende Supernovaen, Honnerte vun Herbig-Haro-Objeten an Niwwelen an Honnerte vu Galaxien. Nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun huet den Observatoire seng Sponsore verluer. 1964 an 1971 goufen am Byurakan-Observatoire SETI-Konferenzen ofgehalen.[1]

Ariichtung

änneren

Den Haaptteleskop vum Observatoire ass e Cassegrain-Spigelteleskop, mat engem Haaptspigelduerchmiesser vun 2,6 Meter. Donieft gëtt et zwéi kleng Schmidt-Teleskope mat engem Duerchmiesser vun 1,0 Meter an 0,5 Meter.

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Byurakan SETI conferences (1964 and 1971) daviddarling.info; bao-history bao.am/history, abgerufen am 19. Juli 2010

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie