Haaptmenü opmaachen

De Benjamin Apthorp Gould, gebuer de 27. September 1824 zu Boston a gestuerwen de 26. November 1896 zu Cambridge am Massachusetts, war en US-amerikaneschen Astronom, dee laang Zäit och an Argentinien geschafft huet.

Benjamin Apthorp Gould
Benjamin Apthorp Gould (Harper's Engraving).jpg
Gebuer 27. September 1824
Boston
Gestuerwen 26. November 1896
Cambridge
Nationalitéit USA
Educatioun Harvard Universitéit
Aktivitéit Astronom
Member vun Royal Society, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, American Association for the Advancement of Science, American Academy of Arts and Sciences
Wikidata-logo-without-paddings.svg

No sengem Studienofschloss op der Harvard Universitéit am Joer 1844 huet hien 1848 op der Universitéit Göttingen promovéiert.

De Gould huet 1849 déi renomméiert Fachzäitschrëft Astronomical Journal gegrënnt.

1866 huet hien déi éischt Längtebestëmmung tëscht Amerika an Europa mat Hëllef vun engem transatlantesche Kabel gemaach.

Vun 1856 bis 1859 war hien Direkter vum Dudley Observatory zu Albany a vun 1852 bis 1867 war en Direkter vum Longitude Department vum U.S. Coast Survey.

1868 gouf hien den éischten Direkter vum argentineschen National-Observatoire (haut, Observatorio Astronómico de Córdoba). An Argentinien huet hien de südleche Stärenhimmel mat nei entwéckelte photometresche Methoden, ausféierlech kartéiert. D'Resultat waren e puer Stärekatalogen, ënner anerem 1879 säin Uranometria Argentina. Hien ass bis 1885 an Argentinien bliwwen, an ass duerno zréck op Cambridge gaangen.

1883 krut hien d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society an 1887 d'James-Craig-Watson Medail. No him sinn e Moundkrater an d'Gouldceinture benannt, eng gréisser Struktur an der solarer Noperschaft, déi vum Gould identifizéiert gouf an nach haut e Géigestand vun intensive Fuerschungen ass.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren