Bellot (Moundkrater)
De Bellot ass e klengen Aschlagkrater um südwestleche Rand vum Mare Fecunditatis. E läit tëscht de Kratere Goclenius am Nordwesten a Crozier am Südosten. Am Südwesten zeechent sech de Krater Colombo of an am Westen erkennt een de Krater Magelhaens.
Bellot (uewen an der Mëtt) an Ëmgéigend (LROC-WAC) | |
Koordinaten | 12°28'48"S, 48°11'24"O |
---|---|
Duerchmiesser | 17,5 km |
Déift | 2.230 m |
Selenographesch Längt | 312° bei Sonnenopgank |
Genannt am Joer | 1935 |
Moundvéiereck | LQ21 |
De Bellot ass kreesronn a schosselfërmeg an déi bannenzeg Kraterwänn falen duuss op de relativ klenge Kraterbuedem erof. De Kraterbuedem huet méi eng héich Albedo wéi d'Uewerfläch vun der Ëmgéigend.
Buschtaf/Numm | Positioun | Duerchmiesser | Link |
---|---|---|---|
A | 13,21° S, 47,6° O | 8 km | [1] |
B | 13,58° S, 47,68° O | 7 km | [2] |
De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom franséische Polarfuerscher Joseph-René Bellot (1826-1853) genannt.