Behaim (Moundkrater)

Moundkrater


De Behaim ass en Aschlagkrater um ëstleche Rand vun der viischter Moundsäit. Hie läit tëscht de Krateren Ansgarius am Norden an Hecateus am Süden. A ostsüdëstlecher Richtung erkennt een de Krater Gibbs an am Nordosten de klenge Krater Dale.

Behaim
De Krater Behaim (lénks uewen), opgeholl vun
Apollo 15 (NASA Foto)
Koordinaten 16°36'36"S, 79°24'36"O
Duerchmiesser 56,21 km
Déift 2.100 m
Selenographesch Längt 282° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ21

Déi bannenzeg Wänn vum Kraterrand hu Reschter vun alen, ofgedroenen Terrassen. De Kraterrand ass selwer duerch spéider Aschléi erodéiert a weist op der Nordsäit eng Däll op, déi déi kreesfërmeg Struktur verzerrt. Am Mëttelpunkt vum Kraterbuedem ass en zentrale Bierg. E schluchtänlechen Aschnëtt duerchschneit de südleche Kraterrand a setzt sech no Süde fort.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
B 16,07° S, 76,48° O7 23 km [1]
BA 16,39° S, 76,04° O7 14 km [2]
C 16,68° S, 77,45° O7 12 km [3]
N 16,11° S, 73,54° O7 10 km [4]
S 16,28° S, 81,4° O7 27 km [5]
T 15,83° S, 81,39° O7 11 km [6]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren