Dale (Moundkrater)

Moundkrater


Den Dale ass en Aschlagkrater um ëstleche Rand vun der viischter Moundsäit. D'Gebitt ass wéinst senger Lag, vun der Äerd aus nëmme staark verzerrt ze gesinn. De Krater läit südlech vum Mare Smythii, südëstlech vum Krater Kästner an nordëstlech vum Ansgarius. Hien ass staark erodéiert.

Dale
De Moundkrater Dale (uewe riets) (LROC-WAC)
Koordinaten 9°33'36"S, 82°55'48"O
Duerchmiesser 23,27 km
Déift 2250m[1]
Selenographesch Längt 278° bei Sonnenopgank
Genannt am Joer 1976
Moundvéiereck LQ21

De Krater gouf 1976 vun der I.A.U. nom brittesche Biochimiker an Nobelpräisdréier Henry Hallett Dale genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.