Barthélemy Namur

lëtzebuergesche Sculpteur

De Barthélemy oder Bartholomé Namur, gebuer den 13. September 1728 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen de 25. Januar 1779, war e Sculpteur aus dem Herzogtum Lëtzebuerg.[1]

Barthélemy Namur
Gebuer 13. September 1728
Gestuerwen 25. Januar 1779
Aktivitéit Sculpteur

Hie war de Bouf vun engem Léngewiewer. Tëscht 13 an 19 Joer huet hien eng Léier als Sculpteur beim Martin Jacques vu Kleng Elchert gemaach. Dono huet hien eng 3 Joerzéngte selbstänneg als Sculpteur geschafft. No engem Aarbechtsaccident, 1773, huet hie misse méi lues maachen.

Zu senge Wierker zielen ë. a. den Héichaltor an der Kierch vu Recken, Holz- a Steendekoratiounen am Refuge Sankt Maximin, an Aarbechten un den Altär an de Kierche vu Schëtter a vu Sandweiler. Weiderhin si vun him: de Priedegtstull an der Izeger Kierch, den Haaptaltor an där vun Atert, d'Portal vum ale Stater Kolléisch, souwéi zwou Statuen, eng vum Ignatius vu Loyola an eng vum François Xavier (haut an der Kierch Walfer).

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Quell, wou net anescht uginn: Evy Friedrich: Kalennerblieder 1, Lëtzebuerg: Bourg-Bourger, 1979, S.33.