Haupeschkierch vu Recken
D'Haupeschkierch zu Recken ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Miersch Saint-François, zum Dekanat Zentrum an zu der Gemeng Miersch gehéiert.
| ||||
---|---|---|---|---|
Kierch vu Recken (2013) | ||||
Uertschaft / Plaz | Recken | |||
Par | Par Miersch Saint-François | |||
Dekanat | Zentrum | |||
Numm / Patréiner | hellegen Haupert | |||
Koordinaten | 49° 44’ 58.8’’ N 06° 04’ 55.4’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
De Patréiner ass den hellegen Haupert (Hubertus), deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt.
D'Kierch steet op der Haaptstrooss (rue Principale), dem CR105C. Se ass relativ speziell well se un e Wunnhaus ugebaut ass an déi zwee Gebaier eng gemeinsam Fassad hunn.
De 6. Dezember 2023 gouf s'als nationaalt Monument klasséiert.[1]
Säitlech nieft der Kierch steet e Gedenksteen fir un dee fréiere Kierfecht vu viru 1730 z'erënneren.
Zur fréierer Par Miersch gehéieren ausser der Haupeschkierch vu Recken och nach d'Parkierch vu Miersch, d'Andreaskierch vu Biereng, d'Appoloniakierch vu Rolleng an d'Willibrorduskierch vu Schëndels.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Haupeschkierch vu Recken – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Websäit vum Parverband Miersch
- D'Fënstere vun der Haupeschkierch op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- D'Uergel vun der Kierch op Orgues.lu
- Video op Youtube aus der Serie: Kierchen a Kapellen zu Lëtzebuerg iwwer d'Haupeschkierch zu Recken
- D'Kierch Recken an der Facebookgrupp Patrimoine religieux Luxembourg - Reliéisen Ierwen Lëtzebuerg [sic]
Biller
änneren-
Vue vu Westen op d'Kierch vu Recken
-
Gedenksteen nieft der Kierch
Referenzen
änneren- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 26. November 2024).