Barnaba Oriani

De Barnaba Oriani, gebuer de 17. Juli 1752 zu Carignano a gestuerwen den 12. November 1832 zu Brera deemools am Kinnekräich Lombardo-Venetien, war en italieeneschen Astronom a Wëssenschaftler.

Barnaba Oriani
Barnaba Oriani.jpg
Gebuer 17. Juli 1752
Gestuerwen 12. November 1832
Mailand
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Kartograph
Member vun Royal Society, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Preisesch Wëssenschaftsakademie
Wikidata-logo-without-paddings.svg

No der Primärschoul zu Carigniano hat hien zu Mailand op der Héichschoul vu San Alessandro studéiert. Nom Studium a Physik, Mathematik, Philosophie an Theologie gouf hie 1775 Paschtouer.

Wéinst sengem groussen Intressi fir d'Astronomie gouf hie 1776 Mataarbechter am Observatoire vu Brera, an deem hie 1778 Assistent a schliisslech 1802 Direkter gouf.

Den Oriani war e laangjärege Frënd vum Giuseppe Piazzi, dem Entdecker vum Zwergplanéit Ceres. Si hu 37 Joer u villen astronomesche Projeten zesummegeschafft. Vun 1808 u war hie korrespondéierende Member vun der Bayerescher Wëssenschaftsakademie.

Kuckt ochÄnneren

  Portal Astronomie

LiteraturÄnneren

Um SpaweckÄnneren