Nationalstrooss 30 (Belsch)

D'Nationalstrooss 30 ass eng belsch Nationalstrooss an de Provënze Léck a Lëtzebuerg déi 120 Kilometer laang ass.

D'N30 zu Léck um Boulevard Poincaré

Se huet hiren Ufank zu Léck am Quartier Vennes wou se Uschloss un d'N 90 huet a féiert vun do no Süde bis op Baaschtnech duerch oder laanscht d'Uertschaften Grivegnée, Chênée, Embourg, Beaufays, Sprimont, Aywaille, Werbomont, Manhay, Baraque de Fraiture, Houffalize an Noville.

Zu Baaschtnech leeft se queesch duerch d'Uertschaft wou se Uschloss un d'N 84, d'N 85, d'N 834 an d'N 874 huet, éier se ronn 2 Kilometer südlech vu Baaschtnech op N 4 an Direktion Arel stéisst.

Portal vun der Belsch: All Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Belsch