En Diss oder Disstrack ass e Lidd, dat mam Zil opgeholl gouf, enger anerer Persoun oder Grupp säin Net-Respekt auszedrécken. Musikalesch Parodien oder aner Attacke gouf et zwar scho méi laang, mä eréischt am Hip-Hop, besonnesch am Gangsta Rap, huet sech den Diss zu engem Trend entwéckelt.

En Diss ka Beleidegungen oder Menacen enthalen, an/oder originell sinn.[1],[2]

Aus dem Begrëff huet sech och d'Verb "dissen" entwéckelt.[3]

Referenzen änneren

  1. complex.com: The 50 Best Hip-Hop Diss Songs (6. Mee 2015)
  2. tagesspiegel.de: Ich Dogge, Du Pinscher! (146. Juli 2013)
  3. "Dissen" am Duden