Dësen Artikel beschäftegt sech mat de sozio-linguisteschen Etüde mam Numm Baleine. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Baleine (Homonymie).

Baleine a BaleineBis ass den Numm vun zwou soziologeschen Etüden, déi 1996 an 2007 duerchgefouert an där hir Resultater 1998, resp. 2009 publizéiert goufen. Besonnesch d'Commentairen a Conclusiounen zum Sproochegebrauch zu Lëtzebuerg, déi an der Publikatioun gemaach goufen, hunn zum Deel kontrovers Diskussiounen ausgeléist.

Den Numm Baleine bezitt sech op e Roman vum Jean Portante, Miss Haroy ou la mémoire de la baleine (Phi 1993), an deem d'Kandheet vun engem italieeneschen Immigrantekand an den 1950er Joren zu Lëtzebuerg thematiséiert gëtt. De Wal steet symbolesch fir d'Gefill, net méi dohin ze gehéieren, wou een hierkënnt, mä och net richteg "ukomm ze sinn", wou een ass.

Baleine (1996) änneren

Baleine gouf ënner der Leedung vum Centre de Recherche Public - Centre Universitaire, an Zesummenaarbecht mam CLAE, der ASTI an dem SESOPI relaiséiert. Mat finanzéiert gouf se vum Commissariat du Gouvernement aux Etrangers an duerch d'Asbl "Année européenne contre le racisme".

Si besteet aus enger representativer Enquête iwwer de Sproochegebrauch an d'Sproochkompetenz zu Lëtzebuerg, iwwer d'sozial Aktivitéiten an d'politesch Participatioun. D'Resultater goufen a 5 Etüde verschafft:

  • Sproochen a gesellschaftlech Erausfuerderungen zu Lëtzebuerg;
  • Sproochen zu Lëtzebuerg;
  • Typologie vun deem, wat zu Lëtzebuerg geschwat gëtt;
  • Sozial Mobilitéit a Migratioun
  • Bedeelegung um soziale, reliéisen a politeschem Liewen.

Auteure si Fernand Fehlen, Isabelle Piroth, Carole Schmit a Michel Legrand. Koordinéiert ass se vum Paul Estgen.

D'Etüd iwwer de Sproochgebrauch, a virun allem d'Conclusiounen, déi de Fernand Fehlen doraus gezunn huet, hunn eng Debatt op linguisteschem Plang ervirgeruff. A verschiddenen Artikelen, an deenen en d'Resultater presentéiert huet (fir d'éischt 1997 an der Zäitschrëft forum), huet hien och déi "traditionell" Sproochfuerschung zu Lëtzebuerg kritiséiert, där e virgeworf huet, sech ze vill op d'Lëtzebuergesch selwer konzentréieren an der Méisproochegkeet (implizit domat och der wichteger Roll vum geschwate Franséisch als langue fédératrice) net genuch Rechnung droen.

Eenzel Sproochwëssenschaftler, wéi de Joseph Reisdoerfer, Guy Berg a Jean-Paul Hoffmann, hunn dorop reagéiert an dës Kritik zum Deel zeréckgewisen.

BaleineBis (2009) änneren

A BaleineBis, déi just vum SESOPI erausgi gouf, ënnersicht de Fernand Fehlen haaptsächlech d'Verännerungen a Punkto Sproochegebrauch an der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi zanter der Etüd Baleine geschitt sinn. Nei erfuerscht goufen: d'Regionalvarianten am Lëtzebuergeschen, d'Bewäertung vun de Sproochen, d'Nëtzlechkeet, Lëtzebuergesch ze léieren a seng Wichtegkeet als Integratiounsmëttel.

Literatur änneren

  • Fehlen, Fernand, Isabelle Piroth, Carole Schmit & Michel Legrand, 1998. Le Sondage "baleine": une étude sociologique sur les trajectoires migratoires, les langues et la vie associative au Luxembourg. 141 p. RED HS N° 1, SESOPI - Centre intercommunautaire. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg.
  • Fehlen, Fernand, 2009. BaleineBis: Une enquête sur un marché linguistique multilingue en profonde mutation - Luxemburgs Sprachenmarkt im Wandel. RED N° 12, SESOPI Centre Intercommunautaire, Luxembourg.

Um Spaweck änneren

Baleine

BaleineBis