Fernand Fehlen

lëzebuergesche Sproochewëssenschaftler

De Fernand Fehlen, gebuer den 9. Mee 1950 ass e lëtzebuergesche Sproochesoziolog.

Fernand Fehlen
Gebuer 9. Mee 1950
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Lycéesprofesser, Maschinnebauer, Soziolog

Vun 1971 bis 1976 huet hien en Ingenieursstudium am Maschinnebau op der RWTH Aachen ofgeschloss.

Hien huet duerno, vun 1976 bis 1981, Sozialwëssenschaften op der WWU Münster studéiert.

Vun 1981 bis 1984 huet hien de Stage pédagogique gemaach an huet duerno bis 1992 als Secondairesprofesser geschafft.

Vun 1984 bis 1994 war hie Redaktiounsmember vun der Zäitschrëft forum. Zanterhier schreift hien nach reegelméisseg Artikele fir déi Zäitschrëft.

Hie schafft op der Universitéit Lëtzebuerg.

Publikatiounen änneren

  • Fehlen, Fernand, Isabelle Piroth, Carole Schmit & Michel Legrand, 1998. Le Sondage "baleine": une étude sociologique sur les trajectoires migratoires, les langues et la vie associative au Luxembourg. 141 p. RED HS N° 1, SESOPI - Centre intercommunautaire. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg.
  • Fehlen, Fernand, Mäerz 2007, Der geheime Lehrplan des Luxemburger Sprachenunterrichts In: Forum. - n 264
  • Fehlen, Fernand, 2009. BaleineBis: Une enquête sur un marché linguistique multilingue en profonde mutation - Luxemburgs Sprachenmarkt im Wandel. RED N° 12, SESOPI Centre Intercommunautaire, Luxembourg.
  • Fehlen, Fernand, Andreas Heinz, 2016: Die Luxemburger Mehrsprachigkeit: Ergebnisse einer Volkszählung. Bielefeld: Transcript. ISBN 978-3-8376-3314-6

Um Spaweck änneren