Dësen Ekonomiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Fortis-Grupp war eng belsch-hollännesch Finanz- an Assurancenentreprise. Et war eng Aktiegesellschaft mat Haaptsëtzer zu Utrecht an Holland an zu Bréissel an der Belsch. Si hat an der Zäit iwwer 85.000 Mataarbechter.

De Logo vu Fortis
Tëscht 2007 an 2008 fält de Cours vun der Fortis Aktie vun 30€ op knapps een Euro erof.

D'Grupp war 1990 aus der Fusioun vun zwou hollänneschen Entreprisen entstanen, der Assurancegesellschaft N.V. AMEV an der VSB Bank.

Am Joer 2000 huet si d'Banque générale du Luxembourg (BGL) iwwerholl.

Den 11. Abrëll 2005 huet si 83 Prozent vun der siwegréisster tierkescher Bank, der Disbank vum Dougan Group ofkaaft. De 4. Oktober 2005 keeft d'Fortis vun der Entreprise Prudential Financial d'Dryden Wealth Management. 2007 bedeelegt d'Fortis sech un der bis dohi gréisster Bankfusioun vun der Welt: Fir 71,8 Milliarden Euro keeft de Konzern zesumme mat der Royal Bank of Scotland an der spuenescher Santander Bank (BSCH) déi hollännesch Bank ABN AMRO.

Ee Joer drop war se um Enn: den 28. September 2008 hunn déi belsch, hollännesch a lëtzebuergesch Regierungen d'Grupp duerch Participatioune vun 11,2 Milliarden Euro (Belsch mat 4,7 Milliarden Euro, Holland mat 4 Milliarden a Lëtzebuerg mat 2,5 Milliarden) virun der Faillite gerett an d'Grupp gouf demanteléiert.

De 5. Oktober 2008 hunn déi belsch a lëtzebuergesch Regierungen decidéiert, datt déi franséisch BNP Paribas Bank duerch Investitioun vu 14,5 Milliarden Euro déi belsch an déi lëtzebuergesch Filialen iwwerhuele sollt.

Am Dezember 2008 gouf de Lëtzebuerger Staat Aktionär zu 49,9 % duerch d'Konversioun vum Prêt an Aktien. An Erwaardung vun der Ofwécklung vum Geschäft mat BNP Paribas huet d'Fortis Bank Lëtzebuerg den Numm changéiert an ënner dem fréieren Numm BGL weidergeschafft.

Am Mee 2009 gouf BNP Paribas Haaptaktionär vun der BGL mat 65,96 % vum Kapital. De Lëtzebuerger Staat bleift Aktionär mat 34 % vum Kapital. Mat Wierkung vum 21. September 2009 huet d'BGL den Numm geännert a schafft vun do un als BGL BNP Paribas.

Am Februar 2010 gouf BNP Paribas zu 100 % Aktionär. No der formaljuristescher Fusioun den 1. Oktober 2010 gouf den 30. Oktober als Ofschloss den Transfert vun den Aktivitéite vu BNP Paribas Luxembourg S.A. op déi technesch an operationell Plattform vu BGL BNP Paribas gemaach.

Um Spaweck änneren

Commons: Fortis – Biller, Videoen oder Audiodateien