Fédération luxembourgeoise de basketball

D'Fédération luxembourgeoise de basketball (kuerz FLBB) ass den nationale Verband vun de Basketballveräiner zu Lëtzebuerg. En ass 1933 gegrënnt ginn an zënter 1937 Member vun der FIBA, der internationaler Basketballfederatioun. D'Federatioun ass eng Associatioun ouni Gewënnzweck an huet hire Sëtz an der Maison des Sports Josy Barthel zu Stroossen.

Logo vun der FLBB

D'FLBB organiséiert all Joer ënner anerem d'Coupe de Luxembourg an d'Total League (d'Landesmeeschterschaft).

WebsäitÄnneren