Autorevue

lëtzebuergesch Zäitschrëft iwwer Autoen a Motorrieder, déi 11 Mol d'Joer erauskënnt

D'Autorevue ass eng lëtzebuergesch Zäitschrëft iwwer Autoen a Motorrieder, déi 11 Mol d'Joer erauskënnt.[2] Si ass op Däitsch an op Franséisch.

Autorevue
Typ Zaïtschrëft
Éischt Ausgab 1948
Land Lëtzebuerg
Sujeten Autoen
Editiounshaus Éditions Revue
Lieser 49.200 (2021)[1]
Websäit auto.revue.lu

Geschicht änneren

1937 huet den Nouvel automobile-club du Grand-Duché de Luxembourg (NACL), de Virleefer vum haitegen ACL, d'Autoszäitschrëft Auto-Revue an d'Liewe geruff.[3][4]

Déi aktuell Auto-Revue gouf nom Zweete Weltkrich vum François Mersch gegrënnt.[5] Am Juli 1948 koum déi éischt Ausgab vun der Luxemburger Auto-Revue op de Maart.[6]

2021 hunn 49.200 Awunner iwwer 15 Joer d'Auto Revue gelies. Dat waren 9,2 % vun der Bevëlkerung.[1]

De Sëtz vun der Redaktioun ass zu Déifferdeng. D'Zeitung gëtt zu Moulins-lès-Metz gedréckt. Gréissten Aktionär vun der Auto Revue war Editpress (80 %), nieft der Dréckerei Techprint.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 ilres.com: Etude TNS ILRES PLURIMEDIA LUXEMBOURG 2021. II (15. September 2021)
  2. D'Auto Revue op paperjam.lu
  3. Luxembourg: journal du matin: Auto-Revue, 13. Oktober 1937, Säit 3
  4. Escher Tageblatt: Zeitschriften, 20. Oktober 1937, Säit 4
  5. https://luxemburgensia.bnl.lu/cgi/getPdf1_3.pl?mode=page&id=21197&option=
  6. nostalgie.lu: éischt Ausgab vun der Luxemburger Auto-Revue