Australopithecus afarensis
Den Australopithecus afarensis ass eng ausgestuerwen Aart aus der Gattung Australopithecus. Si huet ongeféier virun 3,9 Millioune Joer bis virun 3,0 Millioune Joer an Ostafrika gelieft.
Australopithecus afarensis | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Lucy | |||||||||||||||
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
Australopithecus afarensis |
Gehiervolumen | 400 – 500 cm³ |
Gréisst | 1 - 1,5 m |
Gewiicht | 30 – 70 kg |
Kascht | haaptsächlech Planzen |
Säi Gehiervolume war sou grouss wéi dee vum Schimpans an och säi Gesiicht mat der niddreger Stier, d'Schankewulsten iwwer den Aen, déi flaach Nues an d'Gebëss gläichen deem vum Schimpans.
Seng Eckzänn an d'iewescht Gebéck waren awer relativ kleng.
Aus deene sëllege Fonnten, haaptsächlech duerch d'Schanke vum Knéigelenk an duerch 69 Foussofdréck déi an Tansania fonnt goufen, léisst draus schléissen, datt den Australopithecus afarensis schonn op zwee Bee gaangen ass, wann och nach mat net ganz gestreckte Knéien.
Dat bekanntst Fossil gouf 1974 entdeckt a Lucy genannt. D'Lucy gëllt als Urahnin vun den Hominiden. 47 Schanke vu warscheinlech 207 vum Skelett goufe fonnt.
Den Numm afarensis kënnt vun Afar, enger äthiopescher Géigend.
Um Spaweck
ännerenCommons: Australopithecus afarensis – Biller, Videoen oder Audiodateien |