Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Gebéck oder de Kifer (Maxilla) ass deen Deel vum Kapp beim Mënsch an de meeschte Wierbeldéieren deen do ass fir d'Fudder opzehuelen. Dofir sinn am Gebéck meeschtens Zänn déi an den Alveole sëtzen. D'Gebéck besteet aus dem net-beweeglechen ieweschten an dem beweeglechen ënneschte Gebéck.

Gebéck vun engem Mënsch

Iewescht Gebéck

änneren

Den Uewerkifer (Os maxillare) besteet aus der rietser an der lénkser Uewerkiferschank (Maxilla) an ass e wichtege Bestanddeel vum Schiedel (Viscerocranium). Déi zwou Schanke formen am mëttelsten Deel vum Gesiicht och en Deel vun der Orbita ((de) Augapfel), der Nues an dem Gumm. Se begräifen déi iewescht Rei vun den Zänn a spillen eng wichteg Roll beim Knaen a Schwätzen.

Ënnescht Gebéck

änneren

Den Ënnerkifer (Mandibula) ass déi gréisst Schank vum mënschleche Schädel. Nieft de Gehéierschänkelcher (Ossicula auditus) ass et den eenzege beweegleche Schiedelknachen. Dat ënnescht Gebéck zielt am Fong net zum Gesiichtsschiedel (Viscerocranium), gëtt awer heiansdo als Deel dovu beschriwwen. Iwwer d'Zänn ass den Ënner- mam Uewerkifer (deen en Deel vum Gesiichtsschiedel, Viscerocranium ass) an iwwer d'Kifergelenk mam Schlofbeen (Os temporale) verbonnen. Well e beweeglech ass, ass dem Ënnerkifer seng Haaptfunktioun fir beim Knaen ze hëllefen.

Um Spaweck

änneren
Commons: Gebéck – Biller, Videoen oder Audiodateien