Aurelio Sabbatini
lëtzebuergesche Sculpteur
(Virugeleet vu(n) Aurelio Sabatini)
Den Aurelio Sabbatini, gebuer den 20. Juli 1909 zu Esch-Uelzecht, an och do gestuerwen de 7. Juni 1987, war e lëtzebuergesche Sculpteur.
Aurelio Sabbatini | |
---|---|
Gebuer |
20. Juli 1909 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
7. Juni 1987 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Sculpteur |
Famill | |
Kanner | Bettina Sabbatini |
Hien huet am Holz, Marber, Steen a Keramik geschafft. Hien hat d'Meeschterprüfung als sculpteur sur pierres.
1948 huet hien de Prix Grand-Duc Adolphe kritt.
Den Aurelio Sabbatini war mat der Agnese Brancaleone bestuet. Hie war de Papp vun der Bettina Sabbatini an der Béatrice Sabbatini.
Wierker (Auswiel)
änneren- D'Monument fir den George S. Patton mam Aadler drop, um Patton Square zu Ettelbréck
- Reliefaarbechten un der Neier Bréck
- Reliefaarbechten um Escher Stadhaus
- Skulptur beim Fatima-Monument zu Wolz
- De Marienaltor an d'Relieffer am Steen un de Säitenaltär an der Grenzerkierch zu Esch
- "Wäimadonna" zu Schwéidsbeng (1955)
- D'Monument aux morts zu Luerenzweiler
- Vill Skulptur-Aarbechten a Kierchen an u Monument aux morts zu Lëtzebuerg
- Refliefaarbechte baussen un der Kierch zu Gron an der Provënz Belluno an Italien
- Eng Consolatrix afflictorum an der Kathedral vu Belluno, gestëft vun de Bellunesi di Lussemburgo (1972)
Gielercher
änneren- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1974)[1]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Pour leurs mérites dans le domaine culturel op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 26. Juni 1974 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022