Augy-sur-Aubois ass eng franséisch Gemeng am Departement Cher an der Regioun Centre.

Augy-sur-Aubois
Land Frankräich
Regioun Centre-Val de Loire
Departement Cher
Arrondissement Saint-Amand-Montrond
Kanton Dun-sur-Auron
Postcode 18600
Gemengecode 18017
Koordinaten 46° 47’ 04’’ N
      02° 50’ 41’’ O
Fläch  3 046 ha
Bevëlkerung  302 (2010)

Augy-sur-Aubois läit am Dall vum Floss Aubois an um Canal du Berry.

Augy ass eng Uertschaft déi schonn ëm 600 v. Chr. bewunnt war. Déi éischt Awunner ware Schmatten déi vum Rhäin koumen, an déi sech do néiergeloss hunn, well et Eisenäerz op der Plaz gouf.

D'Origine vum Numm gëtt engem Réimer engem gewëssen Gentilice Alcuis zougeschriwwen. No der gallo-réimescher Zäit huet Augy den Herzoge vun der Aquitaine gehéiert. Géint 507 huet de Clovis Augy a säi Besëtz bruecht. Am 13. Joerhonnert koum et nees zeréck bei d'Aquitaine, a war och eng Zäit an engleschem Besëtz.

An der Zäit vun der franséischer Revolutioun koum Augy bei de Berry.

Augy war eng vun den éischte Gemengen a Frankräich déi eng laizistesch Schoul hat, scho virun 1882 wéi d'Ferry-Gesetz erauskoum. Dat war besonnesch de Schoulmeeschtere François Vacelet an Aristide Vacelet ze verdanken.

Am 19. Joerhonnert gouf Augy duerch Noperschaft vum Canal du Berry un Waasserstroossennetz ugeschloss. De Kanal ass do op enger vu sengen héchste Plazen, well en do iwwer de Waasserscheed tëscht Augy an Neuilly-en-Dun féiert. Weel déi sougenannt Tranchée d'Augy iwwer eng Kopp féiert, hu misse Reservoiren ugeluecht ginn déi vu klenge Baache gefëllt ginn. Dat sinn den Étang de Goule, den Étang de Pirot an de Reservoir vun der Marmande.

Eng Partie vun de Faience-Plättercher am Paräisser Metro goufe mat Kaolin vun Augy hiergestallt.

Kuckeswäertes änneren

Uertschaft virdrun
Sancoins
Jakobswee

Via Lemovicensis
Uertschaft duerno
Vernais

Kuckt och änneren