Attigny (Ardennes)
Attigny ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est am Dall vun der Aisne an um Canal des Ardennes.
| |||||
---|---|---|---|---|---|
Land | Frankräich | ||||
Regioun | Grand Est | ||||
Departement | Ardennes | ||||
Arrondissement | Vouziers | ||||
Kanton | Attigny | ||||
Postcode | 08130 | ||||
Gemengecode | 08025 | ||||
Koordinaten | 49° 28’ 42’’ N 04° 34’ 42’’ O | ||||
Fläch | 1 146 ha | ||||
Bevëlkerung | 1 200 (1999) |
Geschicht änneren
Attigny war zanter dem Clovis II., deen do 647 e Palais baue gelooss hat, eng kinneklech Residenz. Zur Zäit vun de Karolenger war de Karel de Groussen dacks do op Fester, besonnesch fir Chrëschtdag an Ouschteren. Och de Karel de Plakkapp huet dacks do gewunnt.
De Widukind gouf 786 zu Attigny gedeeft.
Verschidde Konziler a Synode goufen zu Attigny gehalen, ënner anerem 882, wéi de Louis le Débonnaire do ëffentlech gebéisst huet. Dëst ass an d'Geschicht agaangen ënner dem Numm Pénitence d'Attigny.
D'Kapetenger hunn d'Residenz zu Attigny opginn an de Palais ass nom 10. Joerhonnert verschwonnen.
Persounen déi zu Attigny gebuer oder gestuerwe sinn änneren
Nopeschgemengen änneren
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Attigny (Ardennes) – Biller, Videoen oder Audiodateien |