Apohel-Asteroid

(Virugeleet vu(n) Atira-Asteroid)

Apohel-Asteroide sinn Asteroiden, déi sech komplett bannenzeg vun der Ëmlafbunn vun der Äerd beweegen. Aner Bezeechnungen, am engleschsproochege Raum, sinn, Interior-Earth Objects oder Atira Asteroiden. Si ginn duerch hir Ëmlafbunn an net duerch hir (zäitweis) Äerdnoperschaft definéiert. Se sinn also net mat den äerdnoen Asteroiden (engl. Near-Earth asteroid; NEA) ze verwiesselen.

Den éischten IEO gouf 1998 vum David J. Tholen entdeckt (1998 DK36). Mam 2003 CP20 (och bekannt ënner (163693) Atira) gouf 2003 déi éischt genee Observatioun vu sou engem Asteroid gemaach. E beweegt sech tëscht de Bunne vun Äerd a Merkur an huet en Duerchmiesser vu ronn zwéi Kilometer. Bis Januar 2019 goufen zwanzeg IEOen entdeckt. Modellrechnunge weisen, datt et der am Ganze méi wéi 1000 misste sinn, déi 100 Meter oder méi grouss sinn.

De 6. Januar 2019 gouf mam Zwicky Transient Facility am Palomar-Observatoire a Kalifornien den 2019 AQ3, en Asteroid vun 1 Km Duerchmiesser, entdeckt deem säin Orbit am noosten eru vun der Sonn ass, wéi all anere bis ewell entdeckten Ateroid. Den 2019 AQ3 orbitéiert bannenzeg der Ëmlafbunn vu Merkur an awer och baussenzeg der Ëmlafbunn vun der Venus.

Well een d'IEOe wéinst hirer Ëmlafbunn iwwerhaapt nëmmen um Dageshimmel oder tëscht Dag an Nuecht ka gesinn, ass hir Entdeckung an Observatioun – besonnesch vun der Äerd aus – extreem schwéier. Fuerscher vum Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart plangen de Bau vun engem Satellit mat der Bezeechnung „AsteroidFinder“, deen d'Observatioun baussenzeg vun der Äerdatmosphär méiglech maache soll.

Lëscht vun "Inner Earth Objects" (Stand Januar 2019)
Numm Perihel
(AE)
Hallefachs
(AE)
Aphel
(AE)
Exzentrizitéit Inklinatioun
(°)
Zuel vun Oppositiounen
(Observatioun)
(Absolut Magnitude) Duerchmiesser
(m)
1998 DK36 0,40 0,69 0,98 0,42 2,0 1 (1 Dag) 25,0 30
(163693) Atira 0,50231509 0,741063841 0,979812588 0,3221703 25,61786   5192 16,3 2,300
(164294) 2004 XZ130 0,3369003 0,61761022 0,89832016 0,4545099 2,94962 3564 20,4 250
2004 JG6 0,2978413 0,63521727 0,97259326 0,5311190 18,94480 4035 18,9 550
(413563) 2005 TG45 0,4277231 0,68147914 0,93523520 0,3723607 23,32897 4744 17,6 1,000
2006 KZ39
(2013 JX28)
0,2619078 0,6008387 0,93976963 0,5640963 10,7634 2893 20,1 330
2006 WE4 0,6411319 0,78468533 0,92823873 0,1829439 24,7678 4081 18,8 600
2007 EB26 0,116 0,548 0,979 0,789 8,49 1 (6 Deeg) 19,6 400
2008 EA32 0,4281163 0,61594430 0,80377231 0,3049432 28,2651 3126 16,5 1,500
2008 UL90 0,4306789 0,69484017 0,95900144 0,3801756 24,30965 3441 18.6 650
2010 XB11 0,28811 0,61804 0,94796 0,53383 29,881 1811 19,9 350
2012 VE46 0,45509 0,71279 0,97050 0,36154 6,667 1135 20,3 300
2013 TQ5 0,6536 0,7739 0,8941 0,1554 16,38 805 19,8 380
2014 FO47 0,5486 0,7524 0,9562 0,2708 19,18 1407 20,2 310
2015 DR215 0,352 0,6664 0,981 0,4716 4,09 404 20,3 310
2015 ME131 0,645 0,8049 0,971 0,1989 28,88 2 19,5 450
2017 XA1 0,646 0,8096 0,973 0,2016 17,18 41 21,2 200
2017 YH (=2016 XJ24) 0,6344 0,7524 0,941 0,4825 19,83 757 18,5 710
2018 JB3 0,485 0,6832 0,882 0,2905 40,39 36 17,6 1,070
2019 AQ3 0,404 0,589 0,774 0,3143 47,22 1181 17,4 1,200

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie