Astra 2F
Typ Kommunikatiounssatellit
Land  USA
Bedreiwer SES Global
Transponder 60 Ku-Band an 3 Ka-Band
Hiersteller Astrium
Satellittebus Eurostar E3000
COSPAR-Bezeechnung 2012-051A
Liewensdauer 15 Joer
éischt_Positioun 43,5° Ost (Testpositioun)
aktuell_Positioun 28,2° Ost.
Startgewiicht 5.968 kg
Eidelgewiicht 2.660 kg
Spannwäit ~40 m
Start 28. September 2012, 21:18 UTC
Startplaz Kourou ELA-3
Drorakéit Ariane-5-ECA
url [1]

Astra 2F ass e kommerzielle Kommunikatiounssatellit vun der SES Global mat Sëtz an der Uertschaft Betzder zu Lëtzebuerg.

Hie gouf den 28. September 2012 um 21:18 Auer UTC mat enger Ariane-5-ECA-Drorakéit vum Centre Spatial Guyanais zu Kourou zesumme mam GSAT-10 an eng geostationär Ëmlafbunn bruecht an den 11. Oktober dem Betreiwer iwwerginn.

Zanter 2015 stellt Astra 2F Capacitéiten an Eutelsat zur Dispositioun, déi ënner dem Satellittenumm Eutelsat 28F vermarkt ginn.

Den dräiachsestabiliséierte Satellit ass mat Ku-Band- a Ka-Band-Transponderen ausgerëscht a soll vun der Positioun 28,2° Ost7 aus Afrika, Europa an de Mëttleren Oste mat héichopgeléisten Televisiounsprogrammer beliwweren. Hie gouf op Basis vum Eurostar E3000-Satellittebus vun der Firma Astrium gebaut an huet eng geplangt Liewensdauer vu 15 Joer.

Empfang änneren

De Satellit huet dräi Ausliichtzonen:

  • Den UK-Spotbeam ass op Groussbritannien zentréiert an am däitschsproochegem Raum meeschtens méi schwéier z'empfänke wéi d'UK-Spotbeams vu senge Virgänger Astra 2D an Astra 1N, well hien un de Ränner méi staark offällt.
  • Den Europe-Beam ass op déi westlech Hallschent vun Europa geriicht a fällt no Oste lues an no Süden hin staark of.
  • De Westafrika-Beam kann op der Südküst vu Westafrika an am Süde vun Zentralafrika empfaange ginn.

Den Empfang vum Satellit ass mëttes ëmmer vill besser wéi zu aneren Dageszäiten.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren