Astra-1N
Typ Kommunikatiounssatellit
Land
Order Arianespace
COSPAR-Bezeechnung 2011-041A
Apogeum km
Perigeum 35.785 km
Bunnschréi 0,04°
Mass ? kg
Dimensioun 6,5 × 2,8 × 3,2 m[1]
Spanwäit 39,8 m[1]
Fabrikant Astrium
Satellittebus Eurostar E3000
Liewensdauer 15 Joer
Stabilisatioun Dräi Achsen
Bedreiwer SES Astra
Transponder 55 Ku-Band
Transponderleeschtung 130 Watt[2]
Bandbreet 26 und 33 MHz[2]
EIRP 54 dBW[2]
Energieleeschtung 13 kW (end of life)[1]
Start 6. August 2011, 22:54 UTC
Startgewiicht 5350 kg
Startplaz Kourou
Drorakéit Ariane 5 ECA
Éischt Positioun 28,2° Ost
Lescht Positioun 19,2° Ost[3]
Status aktiv

Den Astra-1N ass e kommerzielle Kommunikatiounssatellit vun der lëtzebuergescher Firma SES Astra.

Hie gouf de 6. August 2011 um 22:54 Auer UTC mat enger Ariane 5 ECA vum Centre Spatial Guyanais zesumme mam BSat 3C an eng geostationär Ëmlafbunn bruecht. Et war den 203. Start vun enger Ariane-Rakéit, de 59. vun enger Ariane 5 an den 32. vun der ECA-Versioun. De Start war ufanks fir den 1. Juli 2011 geplangt, hat awer wéinst engem veräisten an dorophin ausgetauschte Ventil am System fir de flëssege Waasserstoff an dorop nach eemol kuerz wéinst schlechtem Wieder verréckelt ginn.[4]

Den dräiachsenstabiliséierte Satellit ass mat 55 Ku-Band-Transponderen ausgerëscht a soll vun der Positioun 19,2° Ost aus Däitschland, Frankräich a Spuenie mat Televisiounsprogrammer versuergen. Virdrun ass hien Ersatz fir Astra 2D op 28,2° Ost, bis Astra 2F seng Plaz vu Wanter 2012 un, iwwerhuele kann. Dofir huet hien dräi ausfuerbar Antenne mat engem Duerchmiesser vu bis zu 2,6 m an eng steierbar Top-Floor-Antenn mat 1,3 m Duerchmiesser. De Satellit gouf op Basis vum Satellittebus Eurostar E3000 vun der Astrium gebaut an huet eng geplangte Liewensdauer vu 15 Joer.[4] De Satellit gouf de 15. Juli 2008 bei Astrium bestallt.[5]

Vill brittesch Televisiounssender, dorënner och d'BBC, sinn zanter dem 24. Februar 2012 ënner Freesat (markegeschützten Numm fir Programmpäck vu BBC an ITV) iwwer dee Satellit frài z'empfänken.

Bis de 24. Februar 2012 goufen d'Programmer iwwer deen um Enn vu senger Liewensdauer betraffene Satellit Astra 2D verbreet.

Empfank änneren

De Satellit kann op de Britteschen Inselen, a Frankräich, Belsch, Holland, Lëtzebuerg an Däitschland empfaange ginn.

D'Iwwerdroung erfollegt am Ku-Band.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Arianespace: Launch Kit VA 302 (PDF; 1,2 MB)
  2. 2,0 2,1 2,2 Astra: Astra-1N Factsheet
  3. SES: Fleet map
  4. 4,0 4,1 Ariane 5 bréngt BSat 3C an Astra 1N an de Raum
  5. Astrium: SES ASTRA bestellt neie Satellit bei Astrium