Archimedes (Moundkrater)

Moundkrater


Den Archimedes ass e groussen Aschlagkrater op der viischter Moundsäit um ëstlechen Ufer vum Mare Imbrium. Südlech vum Krater läit d'Biergregioun vun de Montes Archimedes. Um südëstleche Rand erstreckt sech den Terrain vum Palus Putredinis, dee vun engem nom Krater genannte Rillesystem, de Rimae Archimedes mat enger Längt vu méi wéi 150 Kilometer duerchzu gëtt. Nord-nordëstlech sinn d'Montes Spitzbergen, eng Biergketten am Mare Imbrium. Ëstlech vum Archimedes läit de Krater Autolycus. Tëscht dëse béide Strukture läit d'Ofstuerzplaz vun der sowjetescher Moundsond Lunik 2, déi als éischt robotescht Raumgefier den 13. September 1959 d'Mounduewerfläch erreecht hat. Am Nordweste fällt den Krater Aristillus an d'A. D'Lavafläch tëscht Archimedes, Aristillus an Autolycus bilt d'Luna-Bucht vum Mare Imbrium. Ee Mieresréck, dee beim Archimedes ufänkt, leeft iwwer dat Moundmier an nord-nordwestlecher Richtung.

Archimedes
De Moundkrater Archimedes, Foto: Apollo 15 (NASA)
Koordinaten 29°43'12"N, 3°59'24"W
Duerchmiesser 81 km
Déift 1.600 m
Selenographesch Längt 4° bei Sonnenopgank
Genannt no Archimedes
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ11

Den Archimedes ass de gréisste Krater am Mare Imbrium. De baussenzege Rampli vum Kraterrand ass mat Ausworfmaterial bedeckt an et gesäit een den ieweschten Deel vun enger bannenzeger Wand mat Terrassen, awer de Stralesystem vu jonke Kratere feelt. En dräieckege Virbierg kuckt 30 Kilometer no Südosten.

En huet keen zentrale Bierg, an ass vu Maria iwwerschwemmt. Opfälleg Hiwwele feele komplett, et gëtt nëmmen e puer kleng Aschléi no beim Rand. Iwwer de Kraterbuedem sinn eenzel Sträife vun hellem Stralematerial verstreet, déi héchstwahrscheinlech bei der Genesis vun Autolycus do ofgelagert goufen.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
C 31,62° N, 1,54° W7 8 km [1]
D 32,19° N, 2,7° W7 5 km [2]
E 24,99° N, 7,21° W7 3 km [3]
G 29,14° N, 8,16° W7 3 km [4]
H 23,87° N, 7,03° W7 4 km [5]
L 25,03° N, 2,62° W7 3 km [6]
M 26,1° N, 3,22° W7 3 km [7]
N 24,14° N, 3,89° W7 4 km [8]
P 25,92° N, 2,5° W7 3 km [9]
Q 28,49° N, 2,44° W7 2 km [10]
R 26,07° N, 6,62° W7 4 km [11]
S 29,53° N, 2,73° W7 3 km [12]
T 30,28° N, 5,04° W7 2 km [13]
U 32,82° N, 1,97° W7 3 km [14]
V 32,97° N, 4,03° W7 3 km [15]
W 23,79° N, 6,25° W7 3 km [16]
X 31,02° N, 8,03° W7 2 km [17]
Y 29,97° N, 9,5° W7 2 km [18]
Z 26,86° N, 1,42° W7 2 km [19]

De Satellittekrater Archimedes A krut vun der I.A.U. en eegene Numm zougewisen:

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren