De Palus Putredinis (Latäin fir fault Mouer) ass eng Fläch aus verstengerter Lava um Äerdmound. Si läit um ëstleche Rand vum Mare Imbrium a gëtt no Osten hin duerch d'Montes Apenninus begrenzt. De mëttleren Duerchmiesser vun der Fläch ass 161 km.
1971 war d'Landefähr vun der Apollo 15 Missioun um nordëstleche Rand vum Palus Putredinis an der Ëmgéigend vun der Hadley-Rill gelant.

De Palus Putredinis, opgeholl 1994 vun der Moundsond Clementine

Mëttel Koordinaten: 26,30° N / 0,24° O

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie