Aristillus (Moundkrater)

Moundkrater


Den Aristillus ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit um Flaachland vum Mare Imbrium, tëscht de Montes Caucasus a sengem ëstleche Rand an de Montes Spitzbergen am Westen. Südwestlech läit de grousse Krater Archimedes, dertëscht dat als Sinus Lunicus genannt Deelgebitt vum Mare Imbrium. Nordwestlech leien d'Krateren Theaetetus a Cassini.

Aristillus
De Moundkrater Aristillus (LROC-WAC)
Koordinaten 33°52'48"N, 1°12'36"O
Duerchmiesser 54,4 km
Déift 3.300 m
Selenographesch Längt 359° bei Sonnenopgank
Genannt no Aristyllos vu Samos
Genannt am Joer 1935
Moundvéiereck LQ05

Den opfällege Krater huet en terrasséierte Rampli an en Zentralbierg mat dräi Spëtzten. D'Stralesystem dat vum Krater ausgeet erstreckt sech iwwer 600 km.

Lëscht vun den Niewekrateren
Buschtaf/Numm Positioun Duerchmiesser Link
A 33,62° N, 4,52° O7 4 km [1]
B 34,79° N, 1,94° W7 8 km [2]

De Krater gouf 1935 vun der I.A.U. nom griecheschen Astronom Aristyllos genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren