Arches ass eng franséisch Gemeng a Stad an de Vogesen an der Regioun Grand Est.

Arches
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Vosges
Arrondissement Épinal
Kanton Epinal-1
Koordinaten 48° 07’ 09’’ N
      06° 31’ 41’’ O
Fläch  1.750 ha
Bevëlkerung  1.679 (1999)
D'Kierch Saint-Maurice

Arches läit um lénksen Uwänner vun der Musel, tëscht Épinal a Remiremont.

D'Stad ass besonnesch bekannt wéinst hire Pabeierfabrécken déi zanter dem 16. Joerhonnert en héichwäertege Pabeier produzéieren, dee fir Luxuseditioune benotzt gëtt. Déi bekanntst Qualitéite sinn de vélin d'Arches an de vergé d'Arches.

D'Pabeiermille gouf 1498 gegrënnt, an ee vun de Proprietär war ënner anerem de Beaumarchais

Geschichtleches änneren

Den Numm Arches kënnt grad sou wéi dee vun Archettes aus der Réimerzäit, well do op der Kräizung vun 2 Kiemen eng Boubréck iwwer d'Musel gaangen ass.

De loutrengeschen Herzog Thierry II.t 1080, zu Arches eng Festung baue gelooss, an 1263 krut d'Stad vum Ferry III. e Fräiheetsbréif.

Déizäit war d'Stad och de Sëtz vun enger Vogtei. Si huet awer am Drëssegjärege Krich vill gelidden, an huet sech och duerno ni méi richteg erkritt.

Nopeschgemengen änneren

Kuckeswäertes änneren

Kuckt och änneren