André Patry

franséischen Astronom

Den André Patry, gebuer den 22. November 1902 a gestuerwen den 20. Juni 1960 war e franséischen Astronom.

André Patry
Gebuer 22. November 1902
Alles-sur-Dordogne
Gestuerwen 20. Juni 1960
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom, Asteroidenentdecker
Entdeckt Asteroiden: 9
(1509) Esclangona 21. Dezember 1938
(1510) Charlois 22. Februar 1939
(1515) Perrotin 15. November 1936
(1516) Henry 28. Januar 1938
(1539) Borrelly 29. Oktober 1940
(1756) Giacobini 24. Dezember 1937
(1797) Schaumasse 15. November 1936
(3142) Kilopi 9. Januar 1937
(4162) SAF 24. November 1940

De Patry hat ganz jonk seng Eltere verluer a war als Weesekand opgewues. Schonn am Alter vu 17 Joer hat hien ugefaangen, am Observatoire vun Nice ze schaffen. Ufanks huet hie bei den Instrumenten assistéiert a spéider huet hie sech mat Ënnersich vun Asteroide befaasst an huet dobäi selwer néng nei Entdeckunge gemaach.

An Unerkennung fir seng Aarbecht gouf den Asteroid (1601) Patry no him genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren