American Horror Story

US-amerikanesch Horror-Televisiounsserie

American Horror Story ass eng US-amerikanesch Horror-Televisiounsserie, déi vum Ryan Murphy a vum Brad Falchuk kreéiert gouf an zënter 2011 leeft.

American Horror Story
Serie
Produktiounsland USA
Dauer 44 min
Format 16:9
Originalsprooch Englesch
Staffelen 12
Episoden 128
Ekipp
Dréibuch Ryan Murphy
Fotografie Michael Goi
Musek James S. Levine
Produzent Ryan Murphy
Produktiouns-
gesellschaft
20th Century Fox Television
Distributioun 20th Television, Netflix, Hulu, Disney+
Schauspiller
Connie Britton,
Dylan McDermott,
Evan Peters,
Taissa Farmiga,
Denis O'Hare,
Jessica Lange,
Zachary Quinto,
Joseph Fiennes,
Sarah Paulson,
Lily Rabe,
Lizzie Brocheré,
James Cromwell,
Frances Conroy,
Kathy Bates,
Michael Chiklis,
Finn Wittrock,
Angela Bassett,
Lady Gaga,
Cuba Gooding Jr.,
Wes Bentley,
Matt Bomer,
Emma Roberts,
Chloë Sevigny,
Cheyenne Jackson,
André Holland,
Billie Lourd,
Alison Pill

All Staffel ass eng eege Miniserie mat enger Geschicht, déi net direkt eppes mat deene vun den anere Staffelen ze dinn huet, och wann heiansdo Referenzen op aner Staffele gemaach ginn.

Staffelen änneren

Staffel Numm Joer Episoden Synopsis
1 Murder House 2011 12 Déi éischt Staffel, déi retroaktiv Murder House genannt gouf, spillt zu Los Angeles am Joer 2011, an handelt iwwer eng Famill, déi an en Haus plënnert an deem déi fréiere Bewunner erëmgeeschteren.
2 Asylum 2012 13 Et geet ëm eng Klinik fir Geeschteskranker am Massachusetts am Joer 1964 an ëm hir Mataarbechter a Patienten.
3 Coven 2013-14 13 Eng Grupp Hexen zu New Orleans kämpft géint déi, déi si zerstéiere wëllen.
4 Freak Show 2014-15 13 Eng vun de leschten amerikanesche Freakshowe kämpft ëm hiert Iwwerliewen a Florida am Joer 1952.
5 Hotel 2015-16 12 En Hotel zu Los Angeles gëtt 2015 vu Vampiren a Geeschter onsécher gemaach.
6 Roanoke 2016 10 Tëscht 2014 an 2016 passéieren an engem isoléierten Haus am North Carolina iwwernatierlech Phenomeener, a Verbindung mat enger fréierer englescher Kolonie, déi virun Honnerte vu Joren einfach verschwonne war.
7 Cult 2017 11 Am fiktive Quartier vu Brookfield Heights am Michigan terroriséiert an de Joren 2016-2017, eng Aart Sekt d'Bewunner no der Presidentschaftswal.
8 Apocalypse 2018 10 Déi aacht Staffel, Apocalypse, ass e bëssen anescht wéi déi virdrun, well hei Personnagen aus anere Staffelen opdauchen. D'Hexe vu Coven (3. Staffel) kämpfe géint den Antichrist vu Murder Hourse (14. Staffel) a probéiere sou, fir d'Apokalyps ze vermeiden.
9 1984 2019 9 Zu Los Angeles an den 1980er mécht sech eng Grupp Jonker prett fir e Summercamp nei opzemaachen, 14 Joer nodeem do e Massaker geschitt huet.
10 Double Feature 2021 10 Déi zéngt Staffel mam Titel Double Feature huet zwéin Deeler, vun deenen den éischte sech 2021 ofspillt an et ëm eng Famill geet, déi an eng Stad op der Küst plënnert, wou déi komesch Awunner en Impakt op hiert Liewen hunn.

2020 gouf d'Serie verlängert, a bis 2023 sollen nach dräi weider Staffelen erauskommen.[1]

Schauspiller änneren

Vill Schauspiller trieden an e puer Staffelen op, mä spillen ëmmer en neie Personnage. Den Evan Peters, d'Sarah Paulson an d'Lily Rabe sinn an néng vun den zéng éischte Staffelen ze gesinn.

Aner bedeitend Schauspiller sinn de Frances Conroy, den Denis O'Hare, d'Jessica Lange, d'Kathy Bates, d'Angela Bassett, d'Emma Roberts, d'Adina Porter, de Finn Wittrock an de Jamie Brewer.

Kritik änneren

Déi verschidde Staffele goufen ënnerschiddlech vun der Kritik opgeholl, mä am Allgemengen ass d'Serie gutt ukomm. Besonnesch d'Schauspillertrupp gouf gelueft, dorënner d'Jessica Lange, déi zwéin Emmy Awards, e Golden Globe Award, an e Screen Actors Guild Award fir hir Performance gewonnen huet. D'Kathy Bates an den James Cromwell hunn allebéid en Emmy Award gewonnen, wärend d'Lady Gaga e Golden Globe Award krut.

Déi éischt Staffel war 2011 déi meescht-gekuckt nei Televisiounsserie an den USA. D'Serie generéiert nach ëmmer héich Aschaltquote fir den Ursprongssender FX.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. American Horror Story: FX Renews Anthology Series For Three More Seasons – TCA (9. Januar 2020)