De Paul Alexander Weicker, gebuer de 16. Oktober 1893 zu Holzem, a gestuerwen den 19. Dezember 1983 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Alexander Weicker
Gebuer 16. Oktober 1893
Gestuerwen 19. Dezember 1983
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Säi Liewen änneren

Den Alexander Weicker huet 1915 seng Première zu Dikrech gemaach an duerno zu München Maschinnebau a Staatswëssenschafte studéiert. Am September 1922 ass en op Paräis geplënnert an huet sech do als Taxischauffer duerchgeschlo.

Ufank 1926 schreift de Weicker der Marieluise Fleißer, der Frëndin aus senger Münchner Zäit, an engem Bréif iwwer seng Reesen a Rumänien, Portugal an d'Schwäiz an datt e wëlles hätt, zeréck an Däitschland ze kommen. Duerno verschwënnt de Weicker fir zéng Joer. Aus senge spéideren Zeitungsartikelen ass erauszeliesen, datt hie sech an där Zäit an Ungarn, Spuenien, Marokko, Italien, Griicheland, Frankräich an op Sizilien erëmgedriwwen huet.

1936 bestit e sech zu Münche mat der Hilda Künzig, engem Dokteschmeedchen, a plënnert dann op Waasserbëlleg, wou hie bis 1940 vum Schreiwe lieft. Hire Jong Edouard kënnt do de 5. Mäerz 1936 op d'Welt. Kuerz nodeem Lëtzebuerg vun däitschen Truppe besat gouf, plënnert de Weicker mat der Famill op Hamm. Am Krich schafft hien an der Zivilverwaltung.

Nom Zweete Weltkrich gëtt hie Gerant vum "Office central des Combustibles", a méi spéit huet en eng eegen Import-Export-Firma opgemaach. Zäit senges Liewens huet e fir Lëtzebuerger Zeitungen déi verschiddenst Artikele geschriwwen.

Den Alex Weicker ass am Alter vun 90 Joer an der Stad gestuerwen.

Säi Wierk änneren

1921 koum dem Weicker säi Roman Fetzen am Georg Müller Verlag zu München eraus (Eng Studieneditioun ass 1998 vum Nationale Literaturzentrum erausgi ginn).

Fetzen ass eng Zort expressionistesche Bildungsroman, wou den Haaptpersonnage Jappes, e jonke Mann, an der Groussstad d'Léift, d'Hinn-an-hiergerappt-sinn tëscht zwou Fraen, d'Verantwortung, d'Konfrontatioun mam Establishment; kuerz: d'Erwuessegi kenneléiert.

Literatur änneren

  • Weicker, Alexander, 1998. Fetzen. Roman. Vorgestellt und kommentiert von Gast Mannes. Lëtzebuerger Bibliothéik Nr. 8. Centre national de littérature, Mersch.
  • Mannes, Gast, 1999. Marieluise Fleißer & Alexander Weicker "Ich bin stolz auf ihn solange ich lebe". Éditions Phi & Centre national de littérature. 144 S. ISBN 3-88865-160-3.
  • Mannes, Gast, 1994. Literarischer Expressionismus aus Luxemburg: Alexander Weickers Roman 'Fetzen'. Galerie - revue culturelle et pédagogique Nr. 3: 409-432.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren