Dësen Artikel beschäftegt sech mam Schluechtschëff Admiral Graf Spee. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Graf Spee (Homonymie).
Op Kiel gesat: 1. Oktober 1932
Stapellaf (Gedeeft): 30. Juni 1934
An Déngscht geholl: 6. Januar 1936
Bauwerft: Reichsmarinewerft Wilhelmshaven
Besatzung: 1150 Mann
Baukäschten: ronn 82 Millioune Reichsmark
Technesch Daten
Waasserverdrängung: Standard: 12.340 ts
Konstruktioun: 14.890 t
Maximal: 16.020 ts
Längt:
Längt Wasserlinn:
Lü.a. = 186 m
LKWL = 181,70 m
Breet: 21,60 m
Déifgang: 7,40 m
Maschinnen: 8 MAN 9-Zylinder Dieselmotore mat
am Ganze 55.400 PS (40.770 kW)
Héchstvitesse: 28,5 kn (53 km/h)
Operatiounsrayon: 8900 sm bei 20 kn
Brennstoffreserv: 2756 m³
Panzerung
Gürtelpanzer: uewen: 50 mm
ënnen: 80 mm
Deck: 30–45 mm
Torpedoschotten: 45 mm
Opbauten: Uerwerdeck: 18 mm
Viischte Kommandostand: 50 – 150 mm
Hënneschte Kommandostand: 20 – 50 mm
28-cm-Geschëtztierm: Bug: 140 mm
Tuermdecken: 90–105 mm
Heck: 170 mm
Säiten: 75–85 mm
15-cm-Eenzellafetten: Schutzschëld: 10 mm
Bewaffnung
6 × 28 cm-Kanounen L/52 C/28
an zwéin Drillengstierm
8 Kanoune 15 cm L/55 C28 an Eenzellafetten
6 Kanounen 8,8 cm L/78 C/31
méi spéit duerch 6 x 10,5 cm L/65 C/33 Kanounen ersat
Maschinnekanounen an Eenzellafetten:
Flak: 10 x 2 cm L/65 Flak-MK
8 x 53,3 cm Torpedoréier:
Kommandanten
Kapitän zur See Konrad Patzig: Januar 1936 bis Oktober 1937
Kapitän zur See Walter Warzecha: Oktober 1937 bis Oktober 1938
Kapitän zur See Hans Langsdorff: Oktober 1938 bis 17. Dezember 1939

D'Admiral Graf Spee war e Panzerschëff vun der däitscher Krichsmarine, dat no kuerzem Asaz am Ufank vum Zweete Weltkrich de 17. Dezember 1939 virun der Küst vun Uruguay bei Montevideo vun der eegener Besatzung, an enger aussiichtloser Situatioun, versenkt gouf.

Déi Ereegnesser goufen 1956 am Film The Battle of the River Plate (Panzerschiff Graf Spee) duergestallt. Säin Numm krut d'Schëff zu Éiere vum Vizeadmirol Maximilian von Spee, deen am Éischte Weltkrich d'Ostasiegeschwader kommandéiert huet.

Leschten Asaz änneren

Den 21. August 1939 ass d'Admiral Graf Spee aus dem Hafe vu Wilhelmshaven ausgelaf mat der Missioun fir den alliéierten Transport um Mier ze stéieren. Mat enger Spëtzevitesse vun 27 Kniet an zwou 280 mm Drillingstourellë war et e gefaarte Géigner. Den 30. September huet e viru Brasilien d'Clement e brittesche Cargo versenkt[1]. Doropshin huet d'Royal Navy mat Hëllef vun der franséischer Marinn, ugefaange Juegd op en ze maachen. Am Ganze ware sechs Gruppen ënnerwee fir en ze sichen.

De 5. Oktober war d'Rei un engem Maistransporter der Newton Beach, déi gestoppt gouf an déi gefaange Mannschaft gouf um Schëff festgesat. De 7. Oktober Gouf dat brittescht Dampschëff Ashlea dat mat enger Ladung Zocker ënnerwee war, versenkt. Den 10. Oktober Gouf dat brittescht Linneschëff Huntsman dat mat enger Ladung Téi ënnerwee war, gestoppt an huet duerno als Prisongsschëff gedéngt. Wéi de 17. Oktober déi Gefaange vum däitsche Ravitaillementsschëff Altmark iwwerholl gi waren, gouf d'Huntsman versenkt. Dem britteschen Dampschëff Trevanion, dat Äerz transportéiert huet, seng Kommandobréck an dat iewescht Deck goufen den 22. Oktober mitrailléiert fir datt et keng Radiostransmissioune méi konnt maache fir ze verrode wou d'Admiral Graf Spee gesi gouf.

Nodeem e scho vill Schued am Atlantik ugeriicht hat, huet de Kräizer sech dunn op de Wee an den indeschen Ozean gemaach. Do huet en am Kanal vum Mosambik de 15. November den Tanker Africa Shell versenkt. Duerno war en erëm am Südatlantik wou en e Blue Star-Tranporter d'Doric Star den 2. Dezember gestoppt huet. Dat Schëff konnt awer nach en Hëllefsmessage funken a seng Maschinne sabotéieren, sou datt et net méi konnt gebraucht ginn. Den 3. Dezember gouf d'Tairo mat enger Ladung Liewensmëttel, Woll a Bläi gestoppt a versenkt. Den 9. Dezember[2] gouf d'Dampschëff Streonshahl mat enger Ladung Weess opbruecht a versenkt. Bis dohin hat d'Admiral Graf Spee néng alliéiert Handelschëffer mat engem totalen Tonnage vu 50.089 britteschen Tonne versenkt.

Ëm déi selwecht Zäit war de Commodore Harwood am Estuaire vum Rio de la Plata mat dräi Krichsschëffer, der Exeter, der Ajax an der Achilles op Patrull. Den Harwood war iwwerzeegt datt de Langsdorff vum Schëffstrafic ëm Montevideo a Buenos Aires géif ugezu ginn. Den 13. Dezember moies um sechs Auer gouf e verdächtegen Damp vun der Wuecht um liichte Kräizer Achilles bemierkt. Si haten d'Graf Spee entdeckt. Obscho se net sou séier war wéi hir Géigner hat d'Graf Spee den Avantage vun enger besserer Feierkraaft. Se huet mat méi staarker Munitioun geschoss an d'Reechwäit vu senge Geschëtzer war méi grouss. Déi brittesch Schëffer hue sech du getrennt fir datt d'Graf Spee hir Feierkraaft huet missen deelen. Déi huet direkt 280 mm Salven op d'Exeter geschoss an 2 vun där hire Geschëtztierm an de viischte Kommandotuerm, zu Schrott reduzéiert. D'152 mm Granaten déi d'Ajax an d'Achilles op d'Graf Spee geschoss hunn, hunn där rose wéineg ausgemaach, mä trotzdeem huet de Langsdorff decidéiert fir sech a Richtung Montevideo aus dem Stëbs ze maachen fir do kënnen am Hafen déi néidegst Reparturen ze maachen a Liewensmëttel opzehuelen. D'Achilles an d'Ajax hu sech dunn an der Mëndung vum Rio de la Plata festgesat, fir datt d'Graf Spee net ongesi konnt nees zréck op d'héicht Mier kommen.

Den uruguayesche Staat huet dem Langsdorf awer nëmmen 72 Stonnen Zäit ginn, fir seng Reparaturen ze maachen. An där Zäit hunn d'Britte falsch Noriichten an Ëmlaf bruecht fir datt de Langsdorff sollt gleewen de Fligerdréier Royal Ark and d'Schluechtschëff Renown wieren ënnerwee fir Ënnerstëtzung ze bréngen. Fir datt säi Schëff de Britten net sollt an d'Hänn falen huet d'Graf Spee de 17. Dezember owes um véirel op sechs den Anker gehoff fir op d'Mier eraus ze fueren. De Gros vun der Mannschaft war heemlech u Land gaangen an no 45 Minutte Faart huet de Rescht vum Equipage d'Schëff an der Entrée vum Kanal an d'Luucht geprengt. Dräi Deeg duerno, d'Schëff huet nach ëmmer gebrannt, huet de Kapitän Langsdorf sech mat engem Kappschoss d'Liewe geholl.

Um Spaweck änneren

Commons: Admiral Graf Spee – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. [Stephen, Martin SEA BATTLES in close-up: World War 2 Naval Institute Press (1988) ISBN 0-87021-556-6 Säit 13]
  2. De Stephen, Martin gëtt a SEA BATTLES op Säit 16 den 9. Dezember un. De Larousse de la seconde guerre mondiale gëtt den 3. Dezember un.