D'Zisterzienserabtei vu Lachalade, och La Chalade, an der Meuse, gouf géint 1120 gegrënnt, an hat bis an d'15. Joerhonnert eng grouss Prosperitéit.

D'Abteikierch

Mam Bau vun der Kierch gouf am 13. Joerhonnert ugefaangen, a si war géint 1340 fäerdeg.

D'Gebaier vum Klouschter selwer, vun deenen der nach zwee an engem ganz gudden Zoustand iwwereg sinn, goufe géint 1680 nei gebaut.

Geschichtleches änneren

D'Patere vu La Chalade waren et, déi den industriellen Essor am Dall vun der Biesme weidergedriwwen hunn, mam Bau vun Zillebäckereien, Glasfabrécken, Schmelzen a Millen. Déi meescht vun dësen Installatioune si lues a lues am 19. Joerhonnert verschwonnen.

Am Joer 1785 hunn d'Pateren, déi nëmmen nach zu zéng waren, déi gréisst Partie vun de Gebaier un de Glasmécher Jean-Marie Bigault de Parfonrut verlount, a 1791 wéi d'Gidder vun der Kierch verkaaft goufen, huet hie se kaaft.

D'Tatsaach datt d'Abteikierch Parkierch gouf, huet se virum kompletten Zerfall gerett.

Vun 1851 un huet den Abbé Chaput mat der Restauratioun vun der Kierch ugefaangen. Hien huet drësseg Joer dru geschafft. Him ass och ze verdanken datt d'Rosace aus dem 15. Joerhonnert iwwer dem Westportal, bei der Demolitioun vun der Abtei Saint-Vanne zu Verdun nach gerett gouf.

An den zwéi Weltkricher hat d'Kierch staark gelidden, a gouf an de leschte Joren intensiv restauréiert.

D'Kierch änneren

D'Kierch ass am gotesche Stil gebaut an huet eng Längt vu 50 Meter. D'Laangschëff huet eng Breet vun 12 Meter. D'Queeschschëff ass 34 Meter laang a 6 Meter breet.

Chronologie änneren

  • 13. Joerhonnert: D'Abteikierch gëtt frësch opgeriicht a gëtt 1340 fäerdeg
  • 1583: Doduerch datt d'Abtei commendataire gouf, gëtt net méi no de Gebaier gekuckt.
  • 1637: De Kardinol Richelieu forcéiert d'Pateren dem Uerde vun den Trappiste bäizetrieden. Doduerch gi si forcéiert fir erëm méi a Gemeinschaft ze liewen an d'Gebaier ginn erëm an d'Rei gesat.
  • 1792: D'Klouschter gëtt verkaaft an et gëtt Wunnengen dran ageriicht. D'Abteikierch gëtt Parkierch.
  • 1851 - 1881: De Paschtouer Chaput vu La Chalade fänkt mat der Restauratioun un.
  • 1862: D'Rosace vun der Abteikierch Saint-Vann vu Verdun gëtt iwwer dem Westportal agesat.
  • 1914 - 1918: Am Éischte Weltkrich gëtt d'Kierch staark beschiedegt an all d'Kierchefënstere goufen zerstéiert.

Tëscht den zwéi Weltkricher gëtt d'Kierch erëm restauréiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Abtei vu Lachalade – Biller, Videoen oder Audiodateien