Den Abell 2667 ass e Galaxiëkoup am Stärebild Sculptor. En ass ongeféier 3,2 Milliarde Liichtjoer vun eiser Äerd ewech an huet eng Ausdehnung vu ronn 2,4 Millioune Liichtjoer. Den Numm leet sech vum Aschreiwen an den Abell-Katalog of.

De Galaxiëkoup Abell 2667. Foto vum Hubble-Weltraumteleskop. Uewe lénks ass eng Koméitegalaxis (blo) ze gesinn.

Op der Foto vum Hubble-Weltraumteleskop ass eng Koméitegalaxis ze gesinn, déi mat ronn 3,5 Millioune km/h duerch de Galaxiëkoup rennt. De Gas vum Koup enträisst der Galaxis dobäi Stären, wat hir e Schwäif wéi bei engem Koméit verschaaft.

Kuckt ochÄnneren

  Portal Astronomie

Um SpaweckÄnneren