Aachener Hütten-Aktien-Verein Rothe Erde
Den Aachener Hütten-Aktien-Verein Rothe Erde war en däitschen Industriekomplex deen zu Oochen am Quartier Rothe Erde vun 1845 bis 1864 ënner verschiddenen Nimm a vun 1864 bis 1926 ënner dësem Numm bestanen huet.
Aachener Hütten-Aktien-Verein Rothe Erde | |
---|---|
D'Direktiounsgebai | |
Typ | S.A. |
Grënnungsdatum | 1864 |
Schlussdatum | 1926 |
Sëtz |
Oochen-Rothe Erde Hüttenstrasse 1-9 |
Mataarbechter | max. 6.600 |
Branche | Eiseproduktioun |
Produit |
Stafeisen, Blecher Profilleisen Schinnen |
![]() |
De Betrib ass 1845 entstane wéi de Jacques Piedboeuf, den Entrepener Hugo Jacob Talbot an d'Maschinnebauer Johann Leonard an Theodor Esser decidéiert hu fir e Walzwierk ënner dem Numm Piedboeuf & Co., Aachener Walz- und Hammerwerk als oppen Handelsgesellschaft opzeriichten. 1846 hu se d'Landgutt Rothe Erde am Süde vun Ooche kaaft an de Maschinnefabrikant Neumann huet seng Terrainen an der Stolberger Strooss mat an d'Firma bruecht, soudatt e groussen Terrain fir de Bau vum Wierk disponibel war. Den Numm "Rothe Erde" huet näischt mat der Faarf Rout ze dinn, ma geet op eng "Rodung" zeréck, also Bësch deen do gehae gi war.
1847 ass d'Wierk mat Puddeliewen, engem Blechwalzwierk a Produktiounsatliere fir Schinnen a Stafeisen a Betrib gaangen. D'Walzwierk stoung ënner der Leedung vum Reiner Daelen, e belsche Walzwierksingenieur dee vun der Lendersdorfer Hütte koum.
1851 huet de Carl Ruëtz d'Wierk iwwerholl an als Kommanditgesellschaft Carl Ruëtz & Co – Aachener Hütten-Aktien-Verein Rothe Erde weidergefouert. 1861 huet de Ruëtz zu Dortmund d'Paulinenhütte opkaaft, déi zanterhier bis haut Rothe Erde Dortmund heescht. D'Oochener Wierk huet en dem Montanindustriellen Adolph Kirdorf verkaaft.

Well et zu Rothe Erde keen Héichuewe gouf, huet de Kirdorf vun 1892 un Schmelzen a Minièren zu Esch-Uelzecht (Lëtzebuerg huet deemools zum Däitschen Zollveräin gehéiert), an zu Däitsch-Oth (Audun-le-Tiche a Loutrengen, dat zanter 1871 Deel vum Däitsche Räich war) opkaf, fir manner ofhängeg vun de Variatioune vun de Minettspräisser ze sinn.
Zu Esch war dat d'Société des hauts-fourneaux luxembourgeois, déi dann och a Rothe Erde ëmgenannt gouf.
D'Kuel a Koks, fir déi Schmelzen ze bedreiwen, koume vun der Gelsenkirchener Bergwerks-AG, wou dem Kirdorf säi Brudder Emil Direkter war.
Fir d'Kuel an de Koks vum Ruhrgebitt op Esch an Oth ze transportéieren, grad ewéi fir de réie Stol vun de Schmelzen do bis op Rothe Erde, gouf d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen duerch d'Ardennen an d'Héicht Venn bis op Ooche verlängert: d'Vennbunn, déi haut ausser Betrib ass an als Vennbahn-Radweg, eng 125 km laang Vëlospist, ëmfonktionnéiert gouf.
Bis 1887 war den Aachener Hütten-Aktien-Verein Rothe Erde mat enger Réistol-Produktioun vu ronn 500.000 Tonnen op éischter Plaz vun den däitsche Stolwierker an huet déi Produktioun bis 1890 op iwwer 1 Millioun Tonne verduebelt. 1904 hunn op der Rothe Erde iwwer 6.600 Aarbechter geschafft.
Den 1. Januar 1905 huet den Hüttenverein e Kooperatiounsakkord mam Schalker Gruben- und Hüttenverein ofgeschloss, deen 1907 zu enger formeller Fusioun ënner dem Daach vun der Gelsenkirchener Bergwerks-AG gefouert huet.
Nodeems d'Adolf-Emil-Hütte zu Esch-Uelzecht gegrënnt an 1912 a Betrib geholl gouf, war den Aachener Hütten-Aktien-Verein mat mëttlerweil eelef Héichiewen nieft der 1911 gegrënnter Arbed mat 15 Héichiewen an der Deutsch-Luxemburgischen Bergwerks- und Hütten-AG vum Industriellen Hugo Stinnes aus der Ruhr mat néng Héichiewen ewell och eng vun de bedeitendsten Entreprisë vun der Stolindustrie zu Lëtzebuerg.
Eng grouss Ännerung koum nom Éischte Weltkrich:
Loutrenge gouf nees franséisch, Lëtzebuerg ass aus dem Zollveräin ausgetrueden, an d'Ofsazmäert am Oste vun Däitschland sinn, wéinst der Besetzung vum Rheinland duerch déi Alliéiert, ewechgebrach. Doduerch war de Kirdorf gezwongen, d'Oochener Entreprise un de Konsortium Société Métallurgique des Terres Rouges ënnert der Féierung vun der Lëtzebuerger Arbed (mat der franséischer Schneider-Creusot an der Banque de Bruxelles) ze verkafen.
Dës huet den Numm Rothe Erde deemo an Terre(s) Rouge(s) (falsch) iwwersat.
1926 goufen d'Fabrécken zu Oochen definitiv zougemaach an zu engem groussen Deel ofmontéiert. Haut steet zu Rothe Erde nach d'Direktiounsgebai an der Hüttenstraße, dat ganz mat rouden Zille gebaut war an e Fabrécksgebai um Eck Philipsstraße/Eisenbahnweg.
Rescht blouf och e Bierg vun Thomasphosphatschlaken, vun deenen zanter 1886 ronn 150.000 Tonne Phosphatmiel am Joer als Dünger fir d'Landwirtschaft produzéiert goufen. De Karl Gustav Schmidt huet deen ofkaf fir d'Schlaken als Original Aachener Rothe Erde ze verkafen, déi op Sportsterrainen uechter ganz Europa, dorënner de Berliner Olympiastadion vun 1936 an de fréiere Foussballstadioun vu Borussia Dortmund, de Stadion Rote Erde.
Zu Lëtzebuerg huet, nodeems d'Arbed 1937 d'Société Métallurgique des Terres Rouges ganz iwwerholl hat, den Numm "Terres rouges" nach an der Schmelz mat deem Numm weidergelieft, bis déi 1977 definitiv zougemaach huet, sou wéi och a Verwaltungs- an Direktiounsgebaier (wéi den Hôtel des Terres Rouges an der Stad, an deem haut de Kulturministère ass) an an enger Strooss zu Esch.
Um Spaweck
änneren- Geschichte des Unternehmens Rothe Erde rotheerde.com.
- Rot(h)e Erden
- Peter Packbier: Rothe Erde und Eilendorf – Geschichte des Stadtteils Rothe Erde]. In: Eilendorf und die Region Aachen in ihrer Geschichte. PDF; 1,4 MB.
Quell
ännerenGrouss Deeler vun dësem Artikel si vun (de) Rothe Erde iwwersat, resp. adaptéiert.