Hugo Jacob Talbot
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Johann Hubert Jakob Hugo Talbot, gebuer de 4. Dezember 1794 zu Randerath als Bouf vum Franciscus Theodorus Tallbot an der Catharina Gertrudis Lenzen a gestuerwen den 11. Februar 1850 zu Oochen war e preiseschen Industriellen, Politiker an Zaldot.
Hugo Jacob Talbot | |
---|---|
Gebuer |
4. Dezember 1794 Randerath |
Gestuerwen |
11. Februar 1850 Oochen |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen |
Aktivitéit | Politiker, Offizéier, Industriellen |
Famill | |
Bestuet mat | Rosa Puissant |
1815 huet hie fir Preisen am Feldzuch géint den Napoleon gekämpft a gouf 1818 vum 5. Rhäin-Infanterie-Regiment bei dat 1. Aachener Landwehr-Regiment versat. Zu Ooche gouf hien 1818 an d'Biergerlëscht opgeholl an an den 1830er Jore war e Member vum Stadrot. 1838 war hien ee vun de Grënner vun der Eisenbahnwagen-Fabrik Pauwels & Talbot Aachen déi 1850 no sengem Doud op Äis geluecht gouf an 1855 vu sengem Bouf Gustav Talbot rëm aktivéiert gouf.
1847 war hie Matgrënner vun der Handelsgesellschaft Piedboeuf & Cie, Aachener Walz- und Hammerwerk am Quartier Rothe Erde bei Oochen, déi 1922 vun der Arbed iwwerholl gouf.