6 Jours de Paris
D'6 Jours de Paris ass eng Vëloscompetitioun op der Pist déi a 6 Deeg gefuer gouf.
Dës Zort Coursse sinn eng Zäit laang uechter Europa, Amerika an Oceanien a ville grousse Stied organiséiert ginn a ware ganz populär.
D'6 Jours de Paris sinn an de Joren 1913 an 1914, vun 1921 bis 1939, vun 1946 bis 1958, vun 1984 bis 1986 a vun 1988 bis 1989 gefuer ginn. Zanter 1989 goufe se net méi organiséiert.
Aner 6-Deegcourssen no Länner
ännerenEuropa
änneren- Frankräich: Bordeaux, Grenobel, Lille, Marseille Nice, Nouméa, Saint-Etienne an Toulouse. Déi eenzeg 6-Deegcourse a Frankräich déi iwwerlieft huet gëtt nach zu Grenobel gefuer.
- Däitschland: a 17 verschiddene Stied
- Belsch
- Dänemark
- Spuenien
- England
- Italien a 6 Stied
- Holland
- Russland
- Schwäiz
Amerika
ännerenOceanien
änneren- Australien an 10 Stied
Dës Courssen déi virum Zweete Weltkrich ganz beléift waren haten ëmmer zolidd Präisgelder.
Mat déi bekanntst Champione vu 6-Deegcoursse waren de Piet Van Kempen, den Oscar Egg, de Rik Van Steenbergen, de Peter Post, de Patrick Sercu an den Eddy Merckx deen ee vun de gréisste 6-Deegfuerer war éier déi Coursse lues a lues verschwonne sinn ausser an Däitschland wou der nach reegelméisseg gefuer ginn.