Haaptmenü opmaachen
1998 WW31
Déi zwee Kierper vun 1998 WW31
Orbittyp Transneptuneschen Objet
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 44,484 A.E.
PerihelAphel 40,539 – 48,428 AE
Exzentrizitéit 0,089
Inklinatioun 6,819 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 296 a 251 d
Mëttel Bunnvitess ? km/s
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 133 ± 15 km
Mass 1,7 × 1018kg
Albedo ?
Mëttel Dicht ? g/cm3
Rotatiounsperiod 12,31 h
Absolut Hellegkeet 6,05
Spektralklass
Entdeckung
Entdecker Deep Ecliptic Survey
Datum 18. November 1998
Plaz
Aner Bezeechnungen -

Den 1998 WW31 ass en Transneptuneschen Objet.

Hie gouf den 18. November 1998 vum Deep Ecliptic Survey entdeckt a mécht mam Objet S/2000 (1998 WW31) 1 dat éischt entdeckt transneptunescht Duebelsystem zanter der Entdeckung vum Pluto a senge Mounden an ass dat bekanntst wéi och dat symmetreschtst Duebelsystem am Sonnesystem.

Déi zwéi Kierper hu bal déiselwecht Gréisst, d'Verhältnes vun hirem Duerchmiesser ass 1:1,2, d'Verhältnes vun hire Massen ass 1:1,74, wann ee vun deselwechten Uewerflächen an Dichten ausgeet. Hir Ëmlafzäit ëmeneen dauert ronn 570 Deeg, d'Distanz vuneneen ass tëscht ronn 4.000 a 40.000 km, woubäi déi grouss Hallefachs ongeféier 22.000 km ass. D'Duerchmiesser vu béiden Objete leien ongeféier tëscht 100 an 150 km, wann ee vun enger Dicht vun 1 bis 2 g/cm³ ausgeet. Hir kollektiv Mass ass 1/6000 vum System Pluto-Charon.

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren