Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Île aux Cygnes zu Paräis. Fir d'Insele mam Numm Île des Cygnes, kuckt wgl. Île des Cygnes

D'Île aux Cygnes (lëtz.: Schwaneninsel), läit tëscht dem XVe a XVIe Arrondissement vu Paräis, der Haaptstad vu Frankräich, a gouf 1827 geschaf fir den Hafe vu Grenelle virun der Immobilienexpansioun ze schützen. Si däerf net mat der aler Île des Cygnes verwiesselt ginn, vun där hiren Numm och hierkënnt, an déi mam Champ de Mars um Enn vum 18. Joerhonnert verbonne ginn ass.

D'Île aux Cygnes vum Eiffeltuerm aus gesinn.
Dohi kënnt een iwwer d'Metrosstatioun: Passy.

Op der Insel steet och eng Kopie, wann och méi kleng wéi d'Original, vun der Fräiheetsstatu vun New York.

Dës kënschtlech Insel, déi 850 Meter laang ass, ass zimmlech schmuel. Si ass nëmmen 11 Meter breed, an op der ganzer Längt gouf eng Allee geplanzt, d'Allée des Cygnes.

Kopie vun der Fräiheetsstatu op der Île aux Cygnes

Haut lafen dräi Brécken iwwer d'Île aux Cygnes:

Op der Insel steet d'Eisebunnsbréck fir de Metro op engem Steebou mat allegoresche Statuen (Elektriziéit, Handel, Wëssenschaft an Industrie).

D'Fräiheetsstatu vum Bartholdi gouf de 15. November 1889 ageweit, dräi Joer no der Statu zu New York (28. Oktober 1886). Dës Statu gouf de Fransouse vun de Vereenegte Staate fir de Centenaire vun der Franséischer Revolutioun geschenkt. Zu dëser Zäit gouf si sou opgestallt, datt si op den Eiffeltuerm gekuckt huet, an huet domat de Vereenegte Staaten de Réck gedréint. Fir d'Weltausstellung vun 1937 gouf si no Westen ausgeriicht. Op dem Buch, dat si an der Hand hält, steet d'Inskriptioun

« IV Juillet 1776 = XIV Juillet 1789 »

Dëst sinn déi respektiv Datume vun der amerikanescher a franséischer Revolutioun.

Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.

Um Spaweck

änneren
Commons: Île aux Cygnes – Biller, Videoen oder Audiodateien