Den Institut Pasteur ass eng franséisch Fondatioun ouni Gewënnzweck fir d'Fuerschung an der Biologie, vun de Mikroorganismen, Krankheeten an Impfungen, mat Sëtz zu Paräis. E gouf nom Louis Pasteur genannt, dee säi Grënner an éischten Direkter war, an deen den éischten Tollwutimpfstoff am Joer 1885 entdeckt huet.

Institut Pasteur
Typ Spidol, Educatiounsinstitut
Land Frankräich
Gegrënnt 1887
Grënner Louis Pasteur
Genannt no Louis Pasteur
Um Spaweck http://www.pasteur.fr/en

Zënterdeems steet den Institut Pasteur un der Spëtzt vum Kampf géint ustiechend Krankheeten. Et war déi éischt international Fuerschungsorganisatioun, déi den HIV, de Virus deen AIDS verursaacht, am Joer 1983 isoléiere konnt. Iwwer d'Jore goufen um Institut Pasteur revolutionär Entdeckunge gemaach, déi et der Medezin erlaabt hunn, virulent Krankheete wéi Diphtherie, Tetanus, Tuberkulos, Polio, Gripp oder Gielféiwer ze kontrolléieren.

Zënter 1908 hunn aacht Wëssenschaftler vum Institut den Nobelpräis fir Physiologie oder Medezin kritt.[1] (Stand: 2022)

Referenzen änneren

  1. Sida : des chercheurs de l'Institut Pasteur ont réussi à détruire des cellules infectées par le VIH

Um Spaweck änneren