(367789) 2011 AG5

Asteroid


Den (367789) 2011 AG5 ass en äerdnoen Asteroid vum Apollotyp. Hie gouf den 8. Januar 2011 am Mount-Lemmon-Observatoire mam Catalina Sky Survey entdeckt. Mat engem geschaten Duerchmiesser vun 140 Meter ass et eng potentiell Gefor fir d'Äerd a gëtt op der Turiner Skala mat der Risikostuf 1 gefouert. Hie wäert den Äerd-Mound-System de 4. Februar 2040 op enger Distanz vu ronn 0,007 AE passéieren. Dat ass eng Distanz vun 1.078.750 km.

(367789) 2011 AG5
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,4307 A.E.
Exzentrizitéit 0,3901
Sideresch Ëmlafzäit 1,71 a
Mëttel Bunnvitess ?  km/s
Inklinatioun 3,6801 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 140 m
Albedo 0,09
Absolut Hellegkeet 21,85M
Entdeckung
Entdecker Catalina Sky Survey
Entdeckungsdatum 8. Januar 2011

Am Juni 2012 war hien nieft 2007 VK184 den eenzegen Objet op der Turiner Skala mat engem Risikowäert vun iwwer Null.

Den 21. Dezember 2012 hunn d'Astronome vum Gemini Nord Teleskop um Mauna Kea Entwarnung fir d'Gefor vun engem Aschlag vum äerdnoen Asteroid ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren