(2713) Luxembourg
Asteroid
Den (2713) Luxembourg ass en Asteroid aus der Haaptasteroidenceinture. E gouf den 19. Februar 1938 vum belschen Astronom Eugène Delporte um kinneklechen Observatoire zu Ukkel entdeckt ginn.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Positioun (Equinoxe: J2000.0) |
Grouss Hallefachs | 2,8545 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,0275 |
Sideresch Ëmlafzäit | 4,700 Joer |
Mëttel Bunnvitess | 17,63 km/s |
Inklinatioun | 1,353 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Absolut Hellegkeet | 11,435 |
Entdeckung | |
Entdecker | E. Delporte |
Entdeckungsdatum | 1938 |
Plaz | Observatoire royal de Belgique |
Aner Bezeechnungen | 1938 EA, 1935 QZ, 1958 HE |
Den Asteroid ass no Lëtzebuerg benannt.
Trivia
ännerenDen 2. Februar 2015 war den Asteroid mat enger Distanz vun 1,9 AE am nooste bei onser Äerd (ëmgerechent 284,2 Mio km, zum Verglach: d'Sonn ass ongeféier 150 Mio km wäit ewech)[1].
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 17.02.2015.