Den Nullmeridian an de Längtegrad 180, deen ongeféier der Datumsgrenz entsprécht, deelen d'Äerd an zwou Hallefkugelen (Hemisphären), déi westlech an ëstlech Hemisphär. Am Géigesaz zu der Nord- a Südhallefkugel ass d'Opdeelung net duerch d'Äerdgeometrie markéiert, mä duerch den Nullmeridian festgeluecht.

Déi ëstlech Hemisphär

No där Definitioun gehéieren Europa westlech vu London, Westafrika (inklusiv de Maghreb), de gréissten Deel vum Atlantik, Amerika a grouss Deeler vum Pazifik zu der westlecher Hemisphär. Am Ganze liewen nëmme ronn zirka 15 Prozent vun de Mënschen an der westlecher Hemisphär, an der ëstlecher, zu där Asien zielt, deementspriechend 85 %.

Haut ass mat Westlecher Hemisphär meeschtens déi Nei Welt, also den Duebelkontinent Amerika a seng Inselen ënner anerem an der Karibik gemengt, besonnesch aus der Siicht vun der Monroe-Doktrin vun den USA.

Wärend dem Kale Krich gouf als Westlech Hemisphär (Westlech Welt) deen Deel vun der Welt bezeechent, dee sech a senge politesche Grondsätz un de Vereenegte Staaten orientéiert hat oder Member bei der NATO war.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie