Émile Kirscht
Den Émile (oder Emil) Kirscht, gebuer den 11. Juni 1913 zu Rëmeleng, a gestuerwen de 26. Oktober 1994 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Moler.
Émile Kirscht | |
---|---|
Gebuer |
11. Juni 1913 Rëmeleng |
Gestuerwen |
26. Oktober 1994 Esch-Uelzecht |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Hien huet virun allem abstrakt Biller an Acryl oder Gouache op Pabeier gemoolt.
Hie war 1954 ee vun de Matgrënner vun den Iconomaques.
1959 krut hien de Prix Grand-Duc Adolphe (zesumme mam Alphonse Nies).
Säi Liewen
ännerenAls sechst vu siwe Kanner vun enger Aarbechterfamill gëtt den Émile Kirscht den 11. Juni 1913 zu Rëmeleng gebuer.
Am Alter vu siwe Joer fänkt fir hien d'Berufsliewen un andeems hien als Léierjong bei e Schräiner kënnt. Duerno kritt hien eng Plaz op der Schmelz.
Am Zweete Weltkrich, ënner däitscher Besetzung, refuséiert hie fir Member an der Volksdeutschen Bewegung (VDB) ginn, wat mat dozou féiert datt hien an d'Äifel déportéiert gëtt.
Wierker
änneren- Eingeklemmtes Rot, Acryl op Toile, Nationalmusée fir Geschicht a Konscht
Ausstellungen
änneren- 1947: Salon vum Cercle Artistique de Luxembourg, Kollektivausstellung
- 1950: Salon de la nouvelle Equipe, Kollektivausstellung zu Esch-Uelzecht
- 1954: Salon des Iconomaques, Kollektivausstellung
- 1966: Perséinlech Ausstellung an der Galerie d'Art d'Esch
- 1993: Rétrospective am Staatsmusée an der Stad Lëtzebuerg
- 2007: Kollektivausstellung mat Wierker vun de rëmelenger Konschtschafeneden Félix Corrent (1895-1968), Albert Hames (1910-1989), Émile Kirscht a Foni Tissen (1909-1975) am Kader vum Centenaire vun der Gemeng Rëmeleng
Literatur
änneren- Guy Wagner: Emile Kirscht. Monographie d'un peintre, 1987, Éditions le Phare ISBN 2-87964-000-8
- Marc Theis, Elisabeth Vermast: Artistes luxembourgeois d'aujourd'hui, Edition Marc Theis, Lëtzebuerg / Hannover, 1995, S. 42 - S. 43
- Linda Eischen: La Collection Luxembourgeoise du Musée National d'Histoire et d'Art - Emile Kirscht, in "ons stad" N° 87, 2008, S.77-S.79
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- Portrait vum Émile Kirscht op der Internetsäit vu mediArt
Referenzen
änneren- ↑ Luxemburger Lexikon Säit 213