Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

REPORTER.lu ass e Lëtzebuerger Online-Magazin deen 2017 gegrënnt gouf. D'Iddi vum Magazin ass fir sech gréisstendeels duerch Abonnementer ze finanzéieren, sou wéi dat franséischt Virbild Mediapart. De Magazin gouf mat Hëllef vun engem Crowdfunding-Projet vun zwéi fréiere Wort-Journalisten, dem Christoph Bumb an dem Laurence Bervard, gegrënnt. Si wëllen onofhängeg vu Parteien, Ideologien, finanziellen Intressie vun Aktionären oder vu Clientsannoncë schaffen. [1] Am Juli 2019 koum de Laurent Schmit als drëtte Sociétaire vun der Reporter Media S.à r.l.-S. dobäi.[2]

No dräi Joer schaffe bei reporter.lu 9 Leit, dovun sinn der 7 Journalisten, an de Site soll iwwert 3000 Abonenten hunn.[3]

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Unser Manifest." op reporter.lu.
  2. "Neuer Teilhaber bei Reporter Media." reporter.lu, 10. Juli 2019.
  3. Drei Jahre REPORTER, Die Köpfe hinter Reporter.lu, reporter.lu, 13. März 2021