Zombie-Apokalyps

(Virugeleet vu(n) Zombie Apokalyps)

Eng Zombie-Apokalyps ass en hypotheeteschen Zenario an der apokalyptescher Literatur, dee bei verschiddenen Unhänger vu Science-Fiction an Horror beléift ass. Et handelt sech ëm eng Zombie-Infektioun a katastrophalen Dimensiounen, déi all Gesellschaft zum Kollaps bréngt an d'Zombien zur dominanter Kreatur op der Äerd mécht. Dem mënschleche Liewe géintiwwer feindlech agestallt, gräifen d'Zombië all Form vu mënschlecher Zivilisatioun un a kënnen net emol duerch d'Militär kontrolléiert ginn.

Eng Grupp Zombie wärend engem Filmdréi

A verschiddenen Zenarie verwandelt sech eng Persoun, déi vun engem Zombie ugegraff gouf a gebass, gekraazt, oder op soss eng Aart a Weis infizéiert gouf, selwer a sou eng Kreatur. An anere verbreet sech de Virus duerch d'Loft. De schlëmmste Fall ass wann all Persoun déi stierft, egal wat de Grond fir hiren Doud war, als Zombie erëm opersteet. Da gräife si Mënschen u fir sech vun hirem Fleesch z'ernieren. Doduerch infizéiere sech hir Affer selwer a verwandele sech dann och an e Zombie. Dat mécht d'Infektioun absolut onkontrolléierbar a schaaft eng Panik, déi séier zum kompletten Zesummebroch vun der Zivilisatioun féiert. A kuerzer Zäit gëtt d'mënschlech Existenz op der Welt op e puer kleng Gruppe vun Iwwerliewende reduzéiert, déi nomadenhaft oder isoléiert an enger zerstéierter, pre-industrieller, post-apokalyptescher Welt op der Sich no Iessen, Reserven a séchere Plaze sinn.

D'Konzept vun der Zombie-Apokalyps ass an den 1960er Joren entstanen, mat der Zäit ëmmer méi populär ginn an a vill Filmer, Serien, Bicher, Bande dessinéeën, Videospiller an anere Medien thematiséiert ginn. Haut gëtt et tatsächlech e puer Leit déi sech mat méi oder manner Eescht op d'Verwierklechung vu sou engem Zenario virbereeden.

De Genre änneren

Originn änneren

D'Buch I Am Legend ("Ech sinn legendär") vun 1954 war eng vun den Inspiratiounsquelle fir spéider Zombiewierker. Am Roman vum Richard Matheson geet et ëm den eenzegen Iwwerliewenden, de Robert Neville, deen e Krich géint eng mënschlech Bevëlkerung féiert, déi sech a Vampire verwandelt huet. En ass 1971 mam Charlton Heston an der Haaptroll verfilmt ginn (The Omega Man). Den George A. Romero huet uginn, d'Buch hätt him als Inspiratioun fir säi Pionéierfilm Night of the Living Dead gedéngt, och wann hien amplaz vu Vampiren eng Form vu kannibaleschen Zombië benotzt huet.

Wéi dem Romero säi Film 1968 fir d'éischt an de Kino koum huet e fir vill Opreegung gesuergt. En ass ee Mount virun der Grënnung vun der Motion Picture Association of America (MPAA), déi responsabel fir d'Aféierung vun Alterslimitt bei Filmer ass, gedréint ginn deementspriechend hunn nach vill Kanner a Jonker de Film gesinn. De Filmkritiker Roger Ebert vun der Chicago Sun-Times huet deemools erkläert, datt et fir déi ganz jonk Zuschauer besonnesch schlëmm wier, datt um Enn vun engem schlëmmen Albdram kee géif iwwerliewen an de Film keen Happy End hätt.

D'Konzept vun der Zombie-Apokalyps selwer stoung beim Romero éischter am Hannergrond; him ass méi dorëmmer gaangen, d'Gewaltexszesser an déi bluddeg Zeenen ervirzehiewen. D'Medien hunn, wéinst de Kanner am Publikum déi gekrasch hunn, de Produzent staark kritiséiert an eng Zensur vum Film gefuerdert. Duerch all déi Opmierksamkeet huet sech de Film awer och zu engem richtege Publikumsmagnéit entwéckelt.

Hautdesdaags gëtt de Film als Meeschterwierk an als Referenz fir Horrorfilmer an de Romero als Pionéier um Gebitt vun der Zombie- Apokalyps ugesinn, och wann dat Ufanks net wëlles hat. De Film huet och d'Wuert "Zombie" am allgemenge Sproochgebrauch nei definéiert - als erëmbelieften a rücksichtslose Kannibal -, well a fréiere Wierker en Zombie eng Persoun war, déi mental vun enger Hex oder engem Zauber mat schwaarzer Magie kontrolléiert ginn ass. Déi Zenarien hu sech dacks am karibesche Raum, wäit vun engem urbane Kader ofgespillt.

Bedeitung änneren

 
Zeen aus dem Film Night of the Living Dead, an deem dat klengt Karen Cooper, als Zombie operstanen, d'Läich vu sengem Papp ësst

Déi geleefeg Interpretatioun vun der Zombie-Apokalyps ass, datt d'Gesellschaft vun Natur aus fragil am Fall vun enger neiaarteger Gefor ass, an datt ee sech bei deene meeschte Persoune net kann drop verloossen, datt si sech fir d'Allgemengwuel asetzen, wann den eegene Präis ze héich ass. Et gëtt vill Parallellen tëscht de Charakteristike vun der Zombie-Apokalyps an der turbulenter gesellschaftlecher Landschaft vun den USA an den 1960er Joren, zur Zäit wou The Night of the Living Dead erauskomm ass. Eng Meenung ass och, datt d'Zombien et de Leit erlaben, mat hirer eegener Angscht iwwer d'Enn vun der Welt kloer ze kommen. Engem Wëssenschaftler no wier e Zombie, méi wéi all anert Monster, komplett apokalyptesch a géif d'Enn vun der Welt, wéi mir se kenne, bedeiten.

Duerch vill Filmer a Videospiller mat där Thematik ass d'Iddi vun der Zombie-Apokalyps an d'Mainstream-Kultur agaangen a verschidden Unhänger hu probéiert, sech op eng hypotheetesch, zukünfteg Zombie-Apokalyps virzebereeden. Dozou gehéieren d'Kreatioun vu Waffen an d'Diffusioun vu Pousteren, déi déi aner Leit informéieren, wéi si sech am Fall vun engem Zombieausbroch solle behuelen. All déi Efforte si generell net wuertwiertlech oder ze eescht ze huelen an déngen haaptsächlech zur Ënnerhalung.

Thematik änneren

 
De Film Night of the Living Dead huet vill vun de Charakteristike vum Genre etabléiert, dorënner d'irrationaalt a gnadeloost Behuele vun den Zombien.

All Zombie-Apokalyps huet e puer Gemeinsamkeeten:

  • Déi éischt Kontakter mat den Zombië sinn extreem traumatesch a verursaache Panik, e Schock, Onglawen an eng méiglech Negatioun vu hirer Existenz, wat sech alles negativ auswierkt op d'Capacitéit vun den Iwwerliewenden, mat de feindleche Kreaturen ëmzegoen.
  • D'Äntwert vun den Autoritéiten ass méi lues wéi de Wuesstumstaux vun der Zombiebevëlkerung , wat et hir erlaabt, sech sou wäit auszebreeden, datt sinn net méi kann agedämmt ginn. Dat féiert zum komplette gesellschaftleche Kollaps an d'Zombien iwwerhuelen d'Kontroll wärend e puer kleng Gruppe vun Iwwerliewenden ëm e weidert Iwwerliewe kämpfe mussen.

D'Geschicht handelt normalerweis iwwer eng eenzeg Grupp Iwwerliewender, déi Ufanks vun der Katastroph iwwerrascht ginn. Duerno geet d'Narratioun iwwer op d'Erhuele vum ufängleche Schock an d'Tentativen, vun den Autoritéiten Hëllef ze kréien, déi awer echouéieren sou datt déi Iwwerliewend d'Hoffnung op Rettung verléieren. Begleet gëtt dat Ganzt vum Zesummebrieche vun alleguer de groussen Organisatiounen déi si kennen. Wann all Hoffnung verschwonnen ass, realiséieren déi Iwwerliewend, datt si elo eleng dostinn a fänken un ze handelen. D'Geschicht weist dann dacks d'Reaktioune vun deene verschiddene Personnagen a Verbindung mat der globaler Katastroph, mat duerch de Stress staark verännerte Perséinlechkeete bei deene primär Motivatiounen, wéi Angscht oder Selbstschutz méi ervirstieche wéi an hirem alldeegleche Liewen (zum Beispill bei enger Fra, déi hiren "zombifiéierte" Mann ëmbréngt, fir sech selwer ze retten).

Generell sinn d'Zombien an deene Zenarie lues, lethargesch, irrational a stinn op wackelege Been - de "Modell", dee mam Film Night of the Living Dead bekannt ginn ass. Zanter dem Ufank vun den 2000er fënnt sech an de méi rezenten Zombie-Apokalyps-Filmer en néien Typ Zombie, dee méi flénk, wëll, intelligent a staark ass wéi an den eeleren Zombie-Filmer. Déi Zombië si méi geféierlech a schonn een eleng stellt eng grouss Gefor vir e Grupp vun Iwwerliewenden duer. A ville Fäll vun deene "séieren" Zombië gëtt d'Prämiss vun engem mat engem Pathogen infizéierte Mënsch benotzt, an net déi vun engem lafende Kadaver.

Erzielung änneren

 
Duerstellung vun engem Zaldot wärend enger Zombieinfektioiun. D'Gasmask gëtt benotzt fir de Fall wou d'Infektioun eng cheemesch Originn hätt.

D'Originn vun der Infektioun änneren

D'Ursaach vun der Infektioun ass bal ëmmer ënnerschiddlech a ka vun engem natierleche Virus (wéi beim Computerspill Left 4 Dead oder beim Film 28 Days Later) oder engem am Labo geschaafte Virus (wéi an der Videospill- a Filmrei Resident Evil oder am Film Planet Terror) bis hin zu enger Alieninterventioun oder enger Strof vu Gott (wéi an de Filmer Night of the Living Dead, respektiv Dawn of the Dead spekuléiert oder ugedeit gëtt) goen. Bei verschiddene Zenarie gëtt d'Ursaach och einfach net uginn (wéi an der Serie The Walking Dead oder am Film Zombieland).

Ufank vun der Apokalyps änneren

Egal op d'Ursaach bekannt ass oder net fänkt d'Infektioun normalerweis mat engem Accident un (Resident Evil) oder entsteet aus eppes, dat ausser Kontroll geroden ass (Mini-Serie Dead Set), an heiansdo ass se och gewollt (am Museksclip All Nightmare Long vum Grupp Metallica, an deem d'Sowjetunioun eng Apokalyps an den USA ustéisst fir d'Land z'invadéieren, oder am Film Planet Terror, wou e Militärmember en infizéierte Gas fräisetzt). D'Infektioun verbreet sech dann an der Bevëlkerung an a munneche Fäll gräift d'Kontaminatioun och op aner Liewewiesen iwwer (zum Beispill Hënn, Spannen, Raten oder Planzen).

D'Ursaach, déi eng Persoun an en Zombie verwandelt, léisst déi Persoun net onbedéngt hiert Gewësse verléieren, och wann dat schwéier ënner der Verwandelung litt (wéi am Fil Colin). D'Infektioun ka mat engem eenzegen Zombie ufänken, deen dann aner Leit infizéiert a se séier onkontrolléierbar mécht (wéi an de Bande dessinéeë Marvel Zombies) oder eng Plaz ka komplett op ee Mol infizéiert ginn (wéi duerch den Terrorist am Spill Dead Rising, deen e Virus an engem Shoppingzenter lassléisst). D'Vitess vun der Kontaminatioun ass jee no Zenario variabel; Chaos ka vun enger Stonn op déi aner ausbriechen (wéi an der japanescher Anime-Serie Highschool) oder d'Kontaminatioun ka sech lues iwwer Wochen, Méint oder souguer Joer hinzéien (wéi am Roman World War Z).

Reaktioune vun der Bevëlkerung änneren

Wann eng normal Persoun en Zombie fir d'éischt gesäit, ouni ze wëssen, datt et sech ëm en Zombie handelt, ka si mengen et géif sech ëm eng Persoun mat mentale Problemer oder ee Blesséierten handelen. Wa si da probéiert, dem Zombie ze hëllefen oder en ze verdreiwen ka si vun ëm ugegraff ginn.

Generell erwaart ni iergendeen, datt sou eng Katastroph antrëtt an dofir gëtt och jiddweree vun hir iwwerrascht. Déi, déi eng léifgewonne Persoun bei enger Zombieattack verléieren reagéiere mat Negatioun a wëllen et net gleewen, a vill Leit sinn an engem Schockzoustand, katatonesch oder sou verzweiwelt, datt si sech ëmbréngen. Anerer, incapabel d'Plaz, wou déi léifgewonne Persoun gestuerwen ass, ze verloossen, ginn dat éischt Affer vun där Persoun, wa se erëm zum Liewen erwächt. Nëmmen e puer Leit, déi den Ufank vum Horror matkréien, sinn och séier an der Lag, mat der Situatioun kloer ze kommen. Vun deene puer Leit probéieren der e puer d'Risikozonen z'evitéieren, sech z'organiséieren oder eng Militärzone oder e Gebitt vu soss enger Organisatioun ze fannen, wou déi Iwwerliewend evakuéiert ginn. Aner Méiglechkeete sinn e Refuge ze schafen, an deem si sécher virun der Infektioun sinn oder an deem si zumindest iwwerliewe kënne bis si gerett ginn (wéi am Film Dawn of the Dead, an deem sech déi Iwwerliewend an en Akafszentrum zeréckzéien).

Och wann d'Majoritéit vun den Iwwerliewende léiwer zesummebleift, gëtt et och e puer Iwwerliewender, déi léiwer eleng bleiwen; entweeder aus engem nobelen oder ideale Grond, oder awer fir keng Relatioun zu anere Persounen opzebauen a sech voll a ganz op hiert eegent Iwwerliewe kennen ze konzentréieren. Schlussendlech realiséieren déi puer "Glécklecher", déi den Ausbroch am Ufank iwwerlieft hunn (awer net evakuéiert konnte ginn, also nach ëmmer op sech gestallt sinn), datt näischt méi sou wäert si wéi virdrun a si fänken un, sech un déi nei Realitéit unzepassen.

D'Liewen no der Apokalyps änneren

Obwuel déi meescht Mënschen op der Sich no enger sécherer Plaz sinn, wou si a Fridde kenne liewen (wéi am Film Day of the Dead), gëtt et och e puer Iwwerliewender, déi probéieren an Zombiegebitt ze liewen. Si versichen, Zombien ëmzebréngen, wa sech hinnen d'Méiglechkeet bitt, an d'Gebidder, déi vun hinne kontrolléiert ginn erëm fir d'Mënschen zeréckzeeroberen (wéi am Spill Dead Frontier). Fir en Zombie definitiv ëmzebréngen muss een hiert Gehier oder hiren Nervesystem zerstéieren, an deem een hinnen an de Kapp schéisst (sou an deene meeschte Wierker) oder hinnen d'Genéck brécht (haaptsächlech bei Resident Evil an am Buch Pride and Prejudice and Zombies - a verschiddene Wierker, zum Beispill an der Filmer vum Romero, ass souguer d'Käppen net genuch, well de Kapp nach ëmmer bäisse kann).

Well d'Sich no enger komplett sécherer Plaz utopesch an de Kampf géint d'Zombien deier kascht (u Munitioun, Reserven, Leit) fänken déi meescht Iwwerliewend un, Ruinen nei ze bevëlkeren an e Verdeedegungsperimeter unzeleeën fir virun de Kreature sécher ze sinn. Dat ass den éischte Schratt zur Schafung vun enger neier, postapokalyptescher Gesellschaft, déi awer net onbedéngt vill mat der preapokalyptescher Gesellschaft gemeinsam huet. Duerch de Kollaps vun der aler Zivilisatioun an duerch Persounen, déi radikal Perséinlechkeetsverännerungen duerchlieft hunn ka si sech duerch eng enorm Zounam u Gewalt am alldeegleche Liewen auszeechnen. Dat stëmmt net nëmme fir Leit, déi vun Natur aus Soziopathe sinn, mä och fir normal Leit, déi vläicht gezwonge waren, zombifiéiert Familljememberen oder aner Iwwerliewender ëmzebréngen an doduerch mental onstabel sinn. Dat Ganzt mécht d'Situatioun och an der géint Zombie gesécherter Stad extreem schwiereg a wëll (wéi bei Land of the Dead, wou Mercenairen e groussen Deel vun der Stad kontrolléieren, oder am Roman Forest of Hands and Teeth, an deem 100 Joer no der Apokalyps d'Duerf vun Iwwerliewenden a Gewalt ënnergeet).

Mä och an deenen negative Changementer triede bei verschiddenen Iwwerliewende positiv Charakteristiken erfier. An der Serie The Walking Dead entwéckelt sech de Sheriff Rick Grimes zu engem exemplaresche Leader, deen all seng Entscheedungen zum Wuel vum Grupp hëlt. An der selwechter Serie weist de jonken Pizzaliwerant Glenn, datt hien en exzellente Strategist an Iwwerliewenskënschtler ass. Am Film Zombieland erfënnt de Jong mam Numm "Columbus" säin eegene Reegelcode, un deen e sech strikt hält fir net ze stierwen, an am Manga Highschool of the Dead musse Schüler vun engem Moment op deen anere léieren, z'improviséieren a responsabel ze handelen.

Kulturellen Impakt änneren

Wëssenschaftlech Fuerschung änneren

Enger epidemiologescher Etüd no, déi 2009 vu Wëssenschaftler vun den Universitéite vu Carleton an Ottawa duerchgeféiert gouf, géif eng Zombieinfektioun - och wa se sou lues wier wéi beim Romero - "warscheinlech zum Kollaps vun der Zivilisatioun féieren, ausser wann de Problem séier eliminéiert gëtt". Andeems si sech op e mathematesche Modell baséiert hunn, sinn d'Wëssenschaftler zur Conclusioun komm, datt aggressiv Mëttel méi ze recommandéiere sinn wéi Quarantänsmesuren, haaptsächlech wéinst de ville Risiken, déi eng Quarantän kënne gefäerden. Si hunn och geschlussfolgert, datt d'Entdeckung vun engem Heelmëttel d'Unzuel un Iwwerliewenden net géif méi héich dreiwen, well et nëmmen de Wuesstumstaux vun neien Infektiounen géif méi lues maachen, awer se net géif fir ëmmer beenden. De Wëssenschaftler no géife sech schlussendlech all d'Mënschen an Zombië verwandelen oder stierwen, well de Risiko, sech z'infizéieren ze héich ass an et ze schwiereg ass, Zombien z'eliminéieren. Déi analytesch Method kann och fir politesch Zenarien oder bei der Ausbreedung vun Infektiounskrankheeten ugewannt ginn a mécht se domat och fir aner Theme relevant.

Institutiounen änneren

 
Eng humoristesch Affiche mat Instruktiounen, wéi een d'Zombie-Apokalyps kann iwwerliewen: "Zombien hunn dech net gär! Zil op de Kapp!"

Am Mee 2011 huet déi amerikanesch staatlech Agence Centers for Disease Control and Prevention (CDC), déi fir de Schutz vun der ëffentlecher Gesondheet responsabel ass, op hirem Blog den Artikel Preparedness 101: Zombie Apocalypse verëffentlecht, deen d'Leit doriwwer informéiert, wéi si sech am Fall vun enger Zombieinfektioun solle behuelen. Dat Ganzt war eng Marketingstrategie fir d'Leit op aner Theemen opmierksam ze maachen, zum Beispill wéi si sech sollen an Noutfallsituatioune behuelen a wéi si sech kënnen op Naturkatastrophe virbereeden.

Wärend de Blog vun der CDC normalerweis tëscht 1.000 an 3.000 Mol an der Woch ugeklickt gëtt, war den Interessi fir deen do Artikel sou grouss, datt e Millioune Mol ugeklickt ginn ass an d'Websäit vun der Agence zesummegebrach ass.

Survivalismus änneren

Mat enger wuessender Quantitéit u Wierker, déi iwwer d'Zombie-Apokalyps handelen, gëtt et och eng ëmmer méi grouss Unzuel u Leit, déi sech op d'Antriede vun där Katastroph virbereeden. Zu hiren Aktivitéite gehéieren d'Sensibiliséiere vun anere Leit an d'Produktioun vu spezielle Waffen. Zanterhier ginn et och Bicher, wéi The Zombie Survival Guide, déi Tippe ginn, wéi ee kann iwwerliewen.

Sou e Mouvement gëtt Survivalism genannt. Den Term gëtt schonn fir aner Leit benotzt, déi sech aktiv op Noutfallsituatioune virbereeden (Naturkatastrophen, Krich, de generelle Kollaps vun der Gesellschaft, eng Pandemie, eng radioaktiv Verseuchung...).

Um Spaweck änneren

Quellen änneren