Eng Zockerwatt (och Barbe-à-Papa) ass eng Schneekerei, déi virun allem op Joermäert, Kiermessen a Braderië verkaf gëtt.

Eng Barbe-à-Papa gëtt gemaach.
Kanner mat enger Barbe-à-Papa.

Et handelt sech ëm (dacks gefierften) Kristallzocker, deen an enger Centrifugueuse geschmolt, verflëssegt an zu dënne Fiedem gesponne gëtt. Dës Fiedem ginn op engem Bengelchen opgerullt, wat dann ausgesäit wéi eng Knujel Watt.

De Procedé gouf 1897 vum Zänndokter[1] William Morrison an dem Confiseur John C. Wharton aus Nashville, Tennessee erfonnt. 1904 gouf d'Zockerwatt op der Weltausstellung zu St. Louis, der Louisiana Purchase Exposition, dem Public presentéiert.

Um Spaweck änneren

Commons: Zockerwatt – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Zuckerwatte wurde von einem Zahnarzt erfunden." No: Neon Unnützes Wissen. Herausgegeben von Michael Ebert und Timm Klotzek. Heyne 60102: München, 2008. Nr.705