Zinner (Moundkrater)

Moundkrater

Den Zinner ass e klengen Aschlagkrater am Oceanus Procellarum nërdlech vum Krater Schiaparelli op der viischter Moundsäit. Hie läit op engem riichte Stral, dee vum Krater Seleucus aus no Nordoste leeft. Am Nordweste läit deen e bëssi méi grousse Krater Golgi. Ëstlech streckt sech de Mieresréck Dorsa Burnet.

Zinner
Koordinaten 26°38'24"N, 58°51'36"W
Duerchmiesser 4,56 km
Selenographesch Längt 59° bei Sonnenopgank
Genannt no Ernst Zinner
Genannt am Joer 1973
Moundvéiereck LQ10


De Moundkrater Zinner an den Dorsa Burnet (LROC-WAC)

Den Zinner ass kreesronn a wéi eng Taass geformt an huet eng héich Albedo.

De Krater gouf 1973 vun der I.A.U. offiziell nom däitschen Astronom Ernst Zinner genannt. Virdru war seng Bezeechnung 'Schiaparelli B'.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Zinner – Biller, Videoen oder Audiodateien