Ernst Zinner
Den Ernst Zinner, gebuer den 2. Februar 1886 zu Goldberg a Schlesien, a gestuerwen den 30. August 1970 zu Planegg a Bayern war en däitscher Astronom an Astronomiehistoriker. Hien hat de Koméit 21P/Giacobini-Zinner nees erëmfonnt (zeréck entdeckt).
Ernst Zinner | |
---|---|
Gebuer | 2. Februar 1886 |
Gestuerwen |
30. August 1970 Planegg |
Nationalitéit | Däitschland |
Educatioun | Friedrich-Schiller-Universitéit |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
Member vun | Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina |
No sengem Studium zu München a Jena a Fuerschungsuwiesenheet zu Lund an Heidelberg hat den Zinner vun 1910 bis 1919 zu Bamberg geschafft. Vun 1920 un, war hie Privatdozent a vun 1924 un ausseruerdentleche Professer op der Universitéit München. Vun 1926 bis 1953 war hien Direkter vum Remeis-Observatoire zu Bamberg.
Nieft senger eigentlecher astronomescher Aarbecht, besonnesch zu de verännerleche Stären, hat den Zinner bedeitend Wierker zu der Geschicht vun der Astronomie verfaasst.
Den 23. Oktober 1913 huet den Zinner de selwechte Koméit zeréckentdeckt, deen de Michel Giacobini schonn am Joer 1900 a Frankräich entdeckt hat. Dat war zwéin Ëmleef méi spéit. Zanterhier gëtt de Koméit 21P/Giacobini-Zinner (21P) genannt.
Nom Zinner ass och de Moundkrater Zinner mat 4 km Duerchmiesser genannt.
Wierker (Auswiel)
änneren- Verzeichnis der astronomischen Handschriften des deutschen Kulturgebietes, München, 1925
- Helligkeitsverzeichnis von 2373 Sternen bis zur Größe 5.50, Bamberg, 1926
- Die Geschichte der Sternkunde von den ersten Anfängen bis zur Gegenwart, Berlin, 1931
- Geschichte und Bibliographie der astronomischen Literatur in Deutschland zur Zeit der Renaissance, Leipzig, 1941, ISBN 3-7772-6407-5
- Astronomie. Geschichte ihrer Probleme. Orbis academicus Band II/1. Verlag Karl Alber, Freiburg / München, 1951, ISBN 3-495-44103-4
Literatur
änneren- D. Wattenberg: Ernst Zinner 2. 2. 1886 - 30. 8. 1970 (Noruff), Astronomische Nachrichten 293, 79 (1971)