D'Dorsa Burnet sinn eng Grupp vun Héichterécker (Dorsa) um Äerdmound.

Dorsa Burnet
Den Dorsa Burnet (LROC-WAC)
Eegenschaften
Breet 26.18 Nord
Längt -56.78 West
Duerchmiesser 194.99 km
1976 genannt nom Thomas Burnet

Se sinn op der nërdlecher Hallefkugel bei 26.18 N / -56.78 W um Plateau vum Oceanus Procellarum tëscht de Krateren Schiaparelli am Westen an Herodotus am Osten. Am Norde stousse se un d'Montes Agricola a strecke sech nach eppes méi wäit bis Nordwesten, tëscht a parallel zu den Dorsa Whiston an dem Dorsum Scilla.

Si goufen 1976 nom brittesche Geowëssenschaftler Thomas Burnet genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren